See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Naturschutzgebitt Ellergronn - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Naturschutzgebitt Ellergronn

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Naturnoe Weier am Bësch vum Ellergronn
Naturnoe Weier am Bësch vum Ellergronn

Ellergronn ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Esch-Uelzecht. Südlech vun der Stad Esch un der franséischer Grenz bei der fréierer Minière Cockerill läit e Bëschgebitt mat Weieren, wouvun 110,4 ha zënter dem 19. Mäerz 1988 ënner Naturschutz stinn.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geologie a Geschichtleches

Am geologeschen Zäitalter vum Dogger virun ongeféier 160-180 Millioune vu Joren hu sech an engem fréiere Mier an der Regioun eisenhalteg Sedimenter ofgelagert, déi zu der Minette verstengert sinn. Den Ofbau an d'Verschaffe vun dëse Minettessteng hu staark zum Räichtum vum Lëtzebuerger Land matbäigedroen. Während a groussen Deeler an der Minettsgéigend dës eisenhalteg Steng ënnert fräiem Himmel ofgebaut gi sinn, huet ee si am Ellergronn an ënnerierdesche Galerien an a Schächt vun der Mines Cockerill gewonnen. Vill vun dëse fréiere Galerie sinn hautesdaags agefall an hu mat sech bruecht, datt op der Äerduewerfläch den Terrain sech gesat huet. Aus verschiddenen Astierztriichtere si Weieren entstan, nodeems sech Waasser usammele konnt. De gréisste vun hinnen ass de Liégeois-Weier, deen eng Déift vun iwwer 10 m huet.

Iwwert de Minette-Schichte leie groussflächeg nach Kallekschichten, déi an engem Steebroch no un der franséischer Grenz am Ellergronn ofgebaut goufen. Dës Kalleksteng goufen zur Weiderveraarbechtung mat Hëllef vu Buggien iwwer Schinnen an d'Stolwierk oder an d'Zementwierk op Esch transportéiert. Op enger Plaz nieft der fréierer Schinnentrace, wou an der Zäit d'Ofraummaterial aus der Steekaul ofgelagert gouf, huet sech haut eng Dréchewiss entwéckelt.

[Änneren] Naturléierpad

Panneau vum Léierpad
Panneau vum Léierpad

Mam Zil dem Naturfrënd interessant Ablécker an d'Natur an d'Geschicht vun der Landschaft ze ginn, ass am Joer 1991 vun der Forstverwaltung a mat Hëllef vun der Stad Esch en Naturléierpad vun ongeféier 3 km amenagéiert ginn. Ënnerwee um Circuit, dee vum Centre d'accueil Ellergronn aus fort geet, sinn op fofzéng verschidde Statiounen informativ Panneauen opgestallt ginn.

[Änneren] Referenzen

  • Depliant: Naturschutzgebiet Ellergronn. Ëmweltministère - Forstverwaltung.
  • Panneauen um Léierpad

[Änneren] Kuckt och


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -