Messier 44
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Messier 44, M 44 oder Praesepe (lat. fir Krëpp) gëtt an der Astronomie dësen Oppene Stärekoup genannt, deen um owendleche Wanter- a Fréijoershimmel schonns mat béoussenm A als Niwwelfleckchen ze gesinn ass. Déi himmlesch Fudderkrëpp - eng Art Schimmer tëschent zwee Stären am Stärebild Cancer – huet fréier och emol fir kuerzfristegen Wiederprognose hirgehalen, well si bei Cirrus-Wolleken netz e gesi waren.
Dëse Stärekoup (och M 44 nom Messier-Katalog) ass den drëtthellste vu senger Art a fällt op senger Positioun op, well et am Cancer keng méi hell Stären ewéi 4. Gréisseklasse gëtt. Hie läit eppes westlech vun enger geduechte Linn vun den zwee Stäre γ Cnc an δ Cnc, déi och Asellus Borealis an Asellus Australis genannt ginn (nërdlechen a südlechen Iesel) an déngt den zwee Laaschtdéieren vun der griichescher Mythologie als Fudderkrëpp. De Präsepe enthält iwwer 300 Stäre an de Gréisseklassen tëschent 6m an 12m.
D’Nopeschstärebiller vum Cancer sinn déi opfälleg Stärebille vun Gemini an dem Leo. De Planéit Saturn ass 2005/06 ziimlech no beim Präsepe laanscht gezunn.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Messier 44 – Biller, Videoen oder Audiodateien |