Melbourne (Australien)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
D'Skyline vu Melbourne | ||||
Land : | Australien | |||
Bundesstaat : | Viktoria | |||
Administratioun : | Melbourne City Council | |||
Fläch : | 1.705 km² | |||
Awunner : | 3.384.671 Aw. (2005) | |||
Bevëlkerungsdicht : | 1.985 Aw. / km² | |||
Buergermeeschter : | John Chun Sai So | |||
Koordinaten : | 37° 48’ 39’’ S 144° 57’ 55’’ O |
|||
D'Lag vu Melbourne an Australien | ||||
Stied - Bundesstaaten - Groussstied |
Melbourne ass d'Haaptstad vu Viktoria, dem gréisste Staat an Australien, an ass déi zweetgréisste Stad an Australien. Et ass eng villsäiteg Stad, virun allem beim Wieder. Laut enger Riedensaart kann een do 4 Joreszäiten an engem Dag erliewen. Iwwer 140 Natioune wunnen zu Melbourne.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Melbourne läit am Südweste vun Australien, grenzt un d'Port Philipp Bucht an zitt sech an de Weste bis zum Yarra River hin. Et ass vun Norde bis Süde 70 km laang an huet vum Oste bis Westen iwwer 50 km. Melbourne ass an 31 Bezierker agedeelt an all Bezierk huet säin eegene Buergermeeschter.
[Änneren] Geschicht
Melbourne gouf am Joer 1835 gegrënnt an huet séin Numm vum deemolege britesche Premierminister Lord Melbourne. Grënner vun der Stad sinn den John Batman an den John Pascoe Fawker aus Tasmanien. 1851 ass zu Melbourne dat éischt Gold fonnt ginn. 1956 waren zu Melbourne d'Olympesch Spiller.
[Änneren] Klima
Melbourne huet 5,6 Sonnestonnen am Dag, an 147 Reendeeg am Joer.
[Änneren] Kuckeswäertes
- D'Flinders Street Station: De Quai Nummer 1 vun der Flinders Street Station zielt zu deene längste vun der Welt. En huet 708 Meter.
- De Musée vu Melbourne
- De Royal Botanic Garden
- De Rialto Tower, en 253 Meter héijen Tuerm, vun deem sengem 55. Stack ee sech Melbourne ukucke kann.
- Den Eureka Tower, 291 Meter héich
- De Federation Square: Am Komplex, dee vis-à-vis vun der Flinders Street Station ass, ass ëmmer vill lass. D´Architektur ass onregelméisseg an d´Gebai ass ronderëm d´Maartplaz gebaut.
- D'St. Patricks Cathedral: Si ass dee schéinste Sakralbau vun Australien
- Den Atrium: D´Gebai um Federation Square ass eng riseg Galerie aus Glas. Et war ee vun de gréisste Bauprojete vun Australien
- D'Melbourne Docklands: Do, wou fréier déi al Hafenanlage stoungen, entsteet e ganz neien a modernen Staddeel.