See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Massendénger - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Massendénger

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


E Massendénger (de: Ministrant; fr: servant d'autel, enfant de choeur; eng: altar server; it: ministranti; port: adjudantes da missa; spuenesch: monaguillos ) ass eng Persoun, meeschtens e Jugendlechen oder e Kand (Jong oder Meedchen), déi bei de liturgesche Feieren an der kathoulescher Kierch wertvoll Déngschter leescht.

Schutzpatroun vun de Massendénger ass den Hellegen Tarcisius.


Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

Säitdeem Gottesdéngschter gefeiert ginn, gehéieren Massendénger dozou. Joerhonnertelaang hu si sech bei den Déngschter am Hannergrond gehalen a goufe kaum geschichtlech ernimmt.

Bei de Judde gouf ee ganze Stamm ausgewielt, de Stamm Levi, fir den Déngscht am Tempel ze garantéieren. Am Lukasevangelium kann ee liesen: Dann schloss er das Buch, gab es dem Synagogenvorsteher und setzte sich (Lk 4,20). Dat war bei engem Sabbatgottesdéngscht zu Nazareth.

Schonn an der Urkierch hun d’Apostelen erkannt, datt si net alles alleng maache kënnen; si hu 7 Leit ausgewielt (Diakonen = Dénger) fir den Déngscht bei Dësch ze maachen. Wéi d’chrëschtlech Gemeinschafte méi grouss goufen a Kierche gebaut goufen, si nei Aufgaben entstanen. Dës Aufgaben oder Déngschter goufen ënnert de Memberen vun der Gemeinschaft opgedeelt; d’Bouwen goufen wéint hirer heller a fester Stëmm als Lektoren engagéiert.

Spéider si verschidden Déngschter verschwonnen, déi vun de Massendénger an déi vum Koschter sinn awer bliwwen. Dës Ännerungen hu mat sech bruecht datt déi Aufgaben, déi fréier vu ville verschiddene Leit gemaach goufen, de Massendénger zougefall sinn: Buchdéngscht, d'Gowen op den Altor bréngen, Käerzen, Wäirauch, d'Droe vum Kräiz, d'Kollekt (Affer) a.s.w.. Wichteg war et an der Zäit och, datt de Massendénger déi laténgesch Texter geléiert huet; hien huet se, als Vertrieder vun der Par, zesumme mam Paschtouer gebiet. An der Zäit vum Mëttelalter bis an d’Neizäit erann hunn d’Massendénger zum Klerus gehéiert; dësen Déngscht gouf als eng Virstuf fir de Priesterberuff ugesinn.

1947 schwätzt de Poopst Pius XII. déi éischte Kéier a senger Enzyklika „Mediator Dei“ ganz offiziell vu Massendénger, déi net zum Klerus gehéieren. Domatt kann ee soen, datt dat de Grondsteen fir deen Déngscht war, zu deem all Kand an all Jugendlechen Zougank huet.

Duerch d' 2. Vatikanescht Konzil sinn „al Déngschter“ nei opgewäert ginn: Lektor, Kommuniounhelfer, Virsänger – an och den Déngscht vum Massendénger.

Eréischt zënter dem Enn vum 20. Joerhonnert sinn och Meedercher offiziell als Massendénger zougelooss. De 15. Mäerz 1994 kruten d'Bëscheef duerch ee Rondschreiwe vun der Gottesdéngschtkongregatioun (Notitiae 30 [1994] 333-5) un déi national Bëschofskonferenzen d'Recht fir an hirer eegener Diözes och weiblech Chrëschten fir deen Déngscht zouzeloossen. (De Poopst Jean-Paul II. hat am Juli 1992 eng Interpretation zu 230 § 2 CIC verfaasst.) Eng Erklärung vum 27. Juli 2001 seet datt:

  1. Bouwen a Männer net dierfen ausgeschloss ginn an
  2. kee Paschtouer dierf gezwonge gi fir sech vu weibleche Massendénger hëllefen ze lossen (Notitiae 37 [2001] 397-9).

[Änneren] Aktivitéiten

[Änneren] bei liturgesche Feieren

[Änneren] baussent liturgesche Feieren

De Grupp vun de Lëtzebuerger Massendénger bäi der internationaler Roumwallfahrt 2006
De Grupp vun de Lëtzebuerger Massendénger bäi der internationaler Roumwallfahrt 2006

A villen Uertschaften hun d’Massendénger, niewent hirem Déngscht an der Kierch, och nach en etlech aner Aktivitéiten um Programm, wéi Versammlungen; Déngschter an der Par; eng Massendéngerzeitung maachen; Ausfluch an/oder Vakanzen; Aktioune fir gutt Wierker, Klibberen, Kannermassen oder Wuertgottesdéngschter mat virbereeden, d’Kierch rëschten, Gebieder a reliéis Veilléeën preparéieren, Formatioun vun de "neie" Massendénger....

Vill Massendéngergruppen vu Lëtzebuerg hu regelméisseg Versammlungen. Hei ginn haaptsächlech méi feierlech Liturgie geprouft, d’Déngschtlëschte ginn opgestallt, Aktioune gi geplangt a liturgesch Saachen an Haltunge gi kennegeléiert.

Donieft laafen och national Aktivitéiten, déi vun der Équipe Lëtzebuerger Massendénger organiséiert ginn:

  • Bedeelegung un der Oktavschluss- an un der Sprangprëssioun.
  • Pèlerinagen op Roum, Lourdes, Kevelaer.
  • Bedeelegung u groussen internationalen Massendéngerwallfahrten.
  • Fortbildungsowend fir d'Massendéngerresponsabel.
  • Formatioun vun engem Dag fir Massendénger an der Allerhëllgevakanz zu Iechternach: MAFREMA (MAtt FReed MAssendénger) a COMA-Time (COol MAassendénger): Héi schaffen an d'Massendénger a flotten interessantene Atelieren.

[Änneren] Literatur


[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -