See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Mariendall - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Mariendall

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mariendall
kee Bild do
An anere Sproochen fr.:Marienthal
de:Marienthal
Gemeng Tënten
Buergermeeschter Marcel Erpelding (CSV)
Kanton Miersch
Awunner
Koordinaten 49° 42’ 34’’ N
6° 3’ 32’’ O
Uertschaften - Gemengen - Stied


Mariendall ass eng Uertschaft an der Gemeng Tënten.

Vue vun der Reiterlay op Mariendall
Vue vun der Reiterlay op Mariendall

[Änneren] Geographie

Mariendall läit am Äischdall, am Nordoste vun Aansebuerg, op enger Héicht vun 236 Meter. De Mariendall läit an enger grousser Kéier déi d'Äisch mécht, laanscht de Südhank mam Numm Rëbben dee vun Huelmes erafkënnt, an net wäit ewech vun der Reiterlee déi nordëstlech dervun eng bekannte Plaz, vun der Kopp a Bëschmassiv, mat dem Numm Buerggruef ass.

Ausser de Gebailechkeete vum Klouschter gëtt et am Märjendall nach just een Haus, e fréiere Restaurant op der Strooss vun Aansebuerg op Recken. E Gruef deen der Äisch eng Partie Waasser afzaapt leeft duerch d'Klouschter, a fëllt do d'Frelleweieren.

Ëstlech vum Mariendall läit um Kollefeld de Mariendallerhaff.

[Änneren] Geschicht

D'Klouschter Mariendall gouf am 13. Joerhonnert vun den Dominikanerinne vu Stroossbuerg gegrënnt.

Wor et um Ufank nach e ganz aarmt Klouschter, sou huet sech dat séier geännert wéi d'Yolanda vu Veianen 1258 bis Priorin gouf. Duerch en etlech Schenkungen (Lännereien,...) vun de Grofe vu Veianen a Lëtzebuerg huet de Mariendall e groussen Opschwonk erlieft. D'Yolanda huet eng Bibliothéik ariichte gelooss an esou fir eng wirtschaftlech a kulturell Bléi am Klouschter gesuergt. Ënnert hirer Leedung gouf och déi gotesch Klouschterkierch gebaut, vun deer haut näischt méi ze gesinn ass. Ënnert dem Altor vun dëser Kierch war och dem Yolanda säi Graf.

Wéi Lëtzebuerg dunn am 18. Joerhonnert un Éisträich gefall ass, huet de Joseph II. 1783 all déi kontemplativ Uerden opgeléist, wou och de Mariendall drënner gefall ass.

1890 hunn déi Wäiss Pateren dat verfalent Klouschtergebai kaaft, eng Zäitchen huet et de Schwësteren vun der Doctrine Chrétienne gehéiert. Am zweete Weltkrich war et fir en etlech Flüchtlingen en Daach iwwert dem Kapp, an och haut sinn eng ganz Rei sozial Ariichtungen a Wunnengen an den nei opgeriichte Gebaier ënnerbruecht.

[Änneren] Kuckt och

Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -