Marco Pinotti
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Marco Pinotti gebuer de 25. Februar 1976 zu Osio Sotto, ass en italienesche professionelle Vëlossportler.
De Marco Pinotti hat als Amateur bis 1998 28 Coursë gewonnen. E Stagiairesengagement bei Polti, war fir hien d'Sprangbriet fir bei d'Profien. Hie krut och gläich drop e Kontrakt bei Lampre-Daikin. 1999 huet hie mat sengem mat sengem Co-Equipier Raivis Belohvosciks den CLM an der Koppel, de GP Europa gewonnen, an d'Joer drop eng Etapp um Tour de Pologne.
Hie war dräimol um Tour de France derbäi, a gouf um Tour 2001, 52. am Generalklassement. Beim Tour du Pays Basque 2003 huet hien eng Etapp gewonnen, an hie war den Éischten am Biergpräis.
2005 huet hie bei déi spuenesch ProTour-Equipe Saunier Duval-Prodir gewiesselt. Hie gouf dat Joer och italienesche Landesmeeschter am Contre-la-Montre.
Vun 2007 u fiert hie bei T-Mobile.