Lurchen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Panthermouken | |||||
|
|||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Ënnerstamm : | Wierbeldéieren | ||||
Iwwerklass : | Landwierbeldéieren | ||||
Klass : | Lurchen | ||||
|
|||||
|
|||||
|
|||||
|
D' Lurchen (och nach Amphibien genannt) sinn eng Klass vun de Wierbeldéieren (Vertebrata) mat ronn 6200 bekannten Aarten.
Hire wëssenschaftlechen Numm kënnt vum griicheschen ἀμφί, amphi = op béid Säiten an βίος, bios = Liewen. Dëst kënnt dohir well d'Larven, oder Kauzekäpp vun deene meeschte Lurchen am Waasser liewen, duerno awer, no enger Metamorphos, d'Waasser verloosse fir um Land ze liewen.
Vill erwuesse Lurche liewen awer weider souwuel am Waasser wéi um Land. Alleguerte musse si zumindest op fiichte Plazen (Habitaten) liewen, fir hire Kierper virun ze groussem Waasserverloscht ze schützen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Kennzeeche vun de Lurchen
[Änneren] Systematik
- Uerdnung Schwanzlurchen (Caudata)
- Iwwerfamill Risesalamanderen (Cryptobranchoidea)
- Iwwerfamill Armmolchen (Sirenoidea)
- Iwwerfamill Salamanderdéieren (Salamandroidea)
- Uerdnung Fräschlurchen
- Iwwerfamill Echt Mouken (Bufonoidea)
- Iwwerfamill Enkmaulfräschen (Microhyloidea)
- Iwwerfamill Echt Fräschen (Ranoidea)
- Uerdnung Schläichlurchen
- Iwwerfamill Primitiv Schläichlurchen
- Iwwerfamill Méi héich entwéckelt Schläichlurchen
- Iwwerfamill Héich entwéckelt Schläichlurchen
[Änneren] Lurchen zu Lëtzebuerg
Rezenten Ënnersichungen no, kommen zu Lëtzebuerg 13 Lurchenaarte vir.
- Schwanzlurchen
- Salamandra salamandra Feiereps, Gepäipelte Mill
- Triturus alpestris Gemeng Waasserederes, Waassereps
- Triturus cristatus Grouss Waasserederes, Grouss Waassereps
- Triturus helveticus Fuedem-Eps
- Triturus vulgaris Kleng Waasserederes, Gespiirpelt Eps
- Fräschlurchen
- Alytes obstetricans Klenkert, Sandmouk
- Bombina variegata Onk
- Bufo bufo Mouk
- Bufo calamita Kleng Mouk
- Hyla arborea Heckefräsch, Wiederfräsch
- Rana lessonae
- Rana kl. esculenta Waasserfräsch
- Rana temporaria Bronge Fräsch
[Änneren] Literatur
Proess, R. (éd.), 2003. Verbreitungsatlas der Amphibien des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg 37: 1-85.[1].