See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Library of Congress - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Library of Congress

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Entréeshall vum Thomas Jefferson-Gebai
D'Entréeshall vum Thomas Jefferson-Gebai

D' Library of Congress, d' Bibliothéik vum US-Kongress ass de facto d'Nationalbibliothéik vun den USA, a se ass geduecht fir de Membere vum US-amerikanesche Kongress Recherchen an all Wëssensgebidder z'erlaben.

[Änneren] D'Gréisst

D'Library of Congress ass eng vun de gréisste Bibliothéiken op der Welt. D'Kollektioune begräife méi wéi 29 Milliounen Bicher an anert gedréckte Material a 470 Sproochen, iwwer 58 Millioune Manuskripter, déi gréisste Sammlung vun ale Bicher, dorënner eng Gutenberg Bibel, iwwer eng Millioun Regierungspublikatiounen, eng Millioun Dageszeitungen aus der ganzer Welt aus de leschten dräi Joerhonnerten, 33.000 gebonne Bänn mat Zeitungen, eng hallef Millioun Mikrofilm-Spullen, iwwer 12 Millioune Fotoen a 4,8 Milliounen Pläng, Partitiounen a Kaarten. Dobäi kommen 2,7 Milliounen Tounopnamen.

[Änneren] D'Grënnung

Nodeems den US-President John Adams de Regierungssëtz vu Philadelphia op Washington D.C. verluecht hat, gouf D'Library of Congress de 24. Abrëll 1800 gegrënnt. Et goufen an deem Ament 5.000$ prettgestallt fir Bicher ze kafen a Raim auszestafféieren fir déi Bicher ze lageren. Um Ufank war d'Bibiliothéik am neie Kapitol ënnerbruecht. Nodeems d'Bibliothéik op 3000 Bicher koum, ass se 1814 vu briteschen Truppen a Brand gestach ginn.

Esou koum et, datt den déizäitege President Thomas Jefferson dem Kongress seng eege Bibliothéik mat 6.487 Bicher zum Verkaf ugebueden huet. De Kongress huet se fir 23.950 $ kaaft; dat war de Grondstee fir eng national Bibliothéik.
De 24. Dezember 1851 koum et zu enger zweeter Katastrof, 35.000 Bicher an aner Dokumenter sinn an engem grousse Feier verbrannt.

[Änneren] Déi haiteg Gebaier

Thomas Jefferson-Gebai, Library of Congress
Thomas Jefferson-Gebai, Library of Congress

Haut ass d'Bibliothéik op dräi Gebaier verdeelt, allguer zu Washington D.C.:

  • D' Thomas Jefferson-Gebai an der First Street SE, dat 1897 opgemaach huet, a laang d'Haaptgebai vun der Bibliothéik war.
  • D' John Adams-Gebai an der Second Street SE, dat 1981 seng Dieren opgemaach huet.
  • D' James Madison-Gebai an der Indipendant Avenue SE, dat zënter 1981 den Haaptsëtz vun der Bibliothéik ass.

Enn 2005 huet d'Bibliothéik e kénge Plang ugekënnegt, d' World Digital Library, an deeër Bicher an all aner Dokumenter digital sollen erfaasst ginn, an op déi Manéier besser versuercht a vill besser disponibel solle ginn.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -