Lambert Schaus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lambert Schaus, gebuer den 18. Januar 1908 zu Lëtzebuerg, och do gestuerwen den 10. August 1976, war e lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker (CSV).
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Seng Carrière
- No sénger Première (1927) am stater Kolléisch huet de Lambert Schaus Droit studéiert, haaptsächlech zu Paräis.
- Virun 1940 war de Lambert Schaus schonns Member vum Lëtzebuerger Gemengerot an huet sech intensiv fir lokal Interessen agesat.
- Am Zweete Weltkrich gouf de Lambert Schaus wéint sengem Refus, fir der däitscher Affekotenassoziatioun bäizetrieden, vum Okkupant verhaft a koum a verschidden Aarbechtslager.
- 1945-1946: Affekot um Barreau
- 1945-1946: Deputéierten
- 1946-1947: Minister fir Wirtschaft an Handel
- 1947-1948: Minister fir Wirtschaft, Arméiminister
- 1948-1953: Member vum Staatsrot
- 1953-1973: Ambassadeur zu Bréissel
- 1958-1967: Member vun der Europäescher Kommissioun, zoustänneg fir Transport, Landwiertschaft a Bannemart
[Änneren] Publikatiounen
- Schaus, Lambert, 1945. - Lidder aus dem Exil. 58 p. St. Paulus-Drëckerei, Lëtzebuerg.
- Schaus, Lambert, 1957. - "L'esprit des traités". Luxemburger Wort, 26.03.1957, n° 85.
- Schaus, Lambert, 1957. - Le Benelux devant le Marché commun. XIe Congrès économique Benelux à Maastricht, 15 Juni 1957, p. 3-15. Luxembourg.
[Änneren] Bibliographie
- Becker, Camille, Fernand Braun, Jacques Dousset, Henri Etienne, Gust Graas, Michel Molitor, John Peters, Adrien Ries & Wolfgang Stabenow (éds.), 1977. - Lambert Schaus : Luxembourg, Belgique, Europe. 180 p., Impr. Saint-Paul, Luxembourg.
- Kayser, Ed, 2003. Lambert SCHAUS 1908-1976. In: 400 Joer Kolléisch, Band II: 413-415. Editions Saint Paul, Luxembourg. ISBN 2-87963-419-9.