Inklinatioun (Astronomie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Inklinatioun oder Bunnschréigt vun engem Himmelskierper ass an der Himmelsmechanik de Wénkel tëschent senger Bunngläich an enger Referenzgläich.
D’Bunnschréigt ass eent vun den sechs Bunnelementer vun de klasseschen Bunnbestëmmungen a gëtt bal ëmmer mat i (fir „Inklinatioun“) bezeechnet. Zesummen mat dem Argument vum Knuet definéiert si d’Positioun vun der Bunngläiche am Raum.
- Als Bezuch gëtt am Sonnesystem meeschtens d’Gläich vun der Äerdbunn (Ekliptik) gewielt, von déier d’Ëmlafbunnen vun de grousse Planéiten an de Mounden nëmmen ëm e puer Grad ofwäichen.
- Fir (kënschtlech) Äerdsatelliten wielt een als Referenz d’Satellitenbunnelementer déi mëttel Äquatorgläich vun der Äerd, genausou wéi fir d’Bunnbewegung vun Duebelstären. Si gëtt bei leschteren meescht als Positiounswénkel vun der grousser Bunnachs – relativ zum Äquatorialem Koordinatensystem (RA, δ) – uginn.
- D’Inklinatiounen vun de Mounden anerer Planéiten vum Sonnesystem ginn op d’Äquatorgläich vum ëmkreesten Planéit bezunn.
- D’Schréigt vun enger Exoplanéitebunn gëtt géigeniwwer der direkten Siichtlinn (woubäi Inklinatioun=0° heesche géif, datt mär d’System direkt vun uewe kucken, de Bunnpol also op de Observer weist, an d’Inklinatioun=90° heesche géif, datt mär d’Bunngläich direkt vun der Kante gesinn.)[1]
Am Fall vu Keplerbunnen (nëmmen zwee Kierper am Vakuum) ass si konstant an d’Bunngläich bleiwt an hirer Ausriichtung ënnert de Fixstären stabil. Bei gravitative Stéierungen duerch drëtt Kierper kritt d’Argument vum Knuet kleng, deelweis periodesch Ännerungen. Dofir gëtt d’Bunnelement als eng Rei oskuléierender Terme geméiss enger Epoch uginn, also als zu engem bestëmmten Zäitpunkt gëlteg Näherungsléisung.