Himmelsmechanik
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Himmelsmechanik oder d’Astrodynamik ass d’Beschreiwung vun der Bewegung vun astronomeschen Objeten (wéi z.b Stären oder Planéiten) ënner sech, mat Hëllef vu physikaleschen a mathemateschen Theorien.
Am bekanntesten ass d’Beschreiwung vun der Planéitebewegung duerch déi klassesch Mechanik mat Hëllef vun der Newtonescher Gravitatiounstheorie.
Am Laf vun der Astronomie-Geschicht gouf d’Wierkung vun der Gravitatioun tëschent astronomesche Kierper (z.B.: d’Planéiten am Sonnesystem) duerch modern Theorien ëmmer méi genee beschriwwen. – Sou ass et gelongen, d’Bewegung vum Planéit Merkur mat Hëllef vun der allgemenger Relativitéitstheorie ganz genee ze beschreiwen.
Mat Hëllef vun der Himmelsmechanik ginn haut all d'Bewegunge vun Himmelskierpere, beschriwwen.
Dobäi handelt et sech besonnesch ëm d’Bewegungen :
- d’Kierper am Sonnesystem, inklusiv de Mounden an de Klengkierper wéi d’Asteroiden, an d’Koméiten,
- déi eenzel Stären a Stäresystemer wéi oppen- a kugelfërmeg Stärekéip, an
- d’astronomesch Objete banne vu Galaxien, an d’Bewegung vu Galaxien zoueneen, z. B. a Galaxiekéip.
Eng historesch Method vun der Himmelsmechanik am geozentresche Weltbild ass d’Epizykel vum Ptolemäus.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Himmelsmechanik – Biller, Videoen oder Audiodateien |