Horst Köhler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Horst Köhler gebuer den 22. Februar 1943 zu Skierbieszów (deemols Heidenstein) a Polen, ass zënter dem 1. Juli 2004 de Bundespresident vun Däitschland.
An den 1960er war de Köhler zwee Joer Zaldot zu Ellwangen a gung als Léitnant of. Vun 1965 bis 1969 huet en op der Eberhard-Karls-Universität Tübingen studéiert, an ass 1969 Diplom-Volkswirt ginn.
Vun 1976 bis 1980 war hien am Ministère fir Wirtschaft an Technik an der Grondsazabteilung täteg. 1981 as hie Member an der CDU ginn. 1982 gouf hie Chef vum Ministerbüro an der Ënnerabteilung I A am Finzanzministère. 1987 gëtt hie Chef vun der Abteilung I am Finanzministère. Vun 1989 un ass e Chef vun der Abteilung VII. Vun 1990 bis 1993 war hie Staatssekretär am Finanzministère. 2000 gouf hien Direkter vum Internationale Währungsfond.
Den 23. Mee 2004 gouf den Horst Köhler als Bundespresident vun Däitschland gewielt, a vum 1. Juli un war hien offiziell Bundespresident.[1]
[Änneren] Referenzen
Theodor Heuss · Heinrich Lüpke · Gustav Heinemann · Walter Scheel · Richard von Weizäcker · Roman Herzog · Johannes Rau · Horst Köhler