Gepard
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
E Gepard | |||||
|
|||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Klass : | Mamendéieren | ||||
Uerdnung : | Raubdéieren | ||||
Famill : | Kazen | ||||
Ënnerfamill : | Acinonychinae | ||||
Gattung : | Acinonyx | ||||
Aart : | Gepard | ||||
|
|||||
|
|||||
De Gepard (Acinonyx jubatus) ass eng Aart aus der Famill vun de Kazen (Felidae).
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Kierperbau
E Gepard huet laang schlank Been an ee ganz op héich Vitesse spezialiséierte Kierperbau. Iwwer kuerz Strecke kann e Gepard bis zu 100 Stonnekilometer séier lafen. D'Féiss hunn haart Suele mat schaarfe Ränner a stompege Krallen, déi net kënnen zeréckgezu ginn. Am Géigesatz zum Kierper ass de Kapp kleng, mat ronne klengen Aen déi zimlech héich stinn. D'Ouere si kleng a ronn an d'Nues ass esou ausgericht datt si ganz séier ganz vill Sauerstoff ophuele kann.
De Pelz ass routgielzeg mat onregelméissege Flecken. E schwaarze Stréch leeft vum banneschten Aewénkel bis zur Schnëss. D'Längt vum Kapprumpf ass bei de männlechen Déieren 1,30 m, d'Längt vum Schwanz ongeféier 80 cm an d'Gewicht ronn 60 kg. Di weiblech Déieren sinn ëm e Véirel méi kleng.
[Änneren] Liewensraum
De Gepard lieft an Afrika vun Algerien a Marokko bis Transvaal am Süden an an Egypten, Äthiopien a vir an Asien.
[Änneren] Liewensweis
De Gepard ass en typesche Jeeër. E geet eleng oder zu zwéin op d'Juegd. Haaptsächlech huet en et op Gazellen ofgesinn. E schläicht sech un an nodeems en eng gëeegent Beut augemacht huet leeft e wéi de Blëtz op se zou, geheit se mat de Patten ëm a bäisst hir den Hals duerch. Duerno bäisst en de Bauch op, frësst fir d'éischt Häerz an d'Niren an säift dann d'Blutt. Duerno kënnt d'Kappfleesch un d'Rei an zum Schluss de Rescht vum Kierperfleesch. E Gepard frësst nëmme frëscht Fleesch.
[Änneren] Fortplanzung