Gabriel Lippmann
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jonas Ferdinand Gabriel Lippmann gebuer de 17. August 1845 zu Hollerech (haut Stad Lëtzebuerg), a gestuerwen den 13. Juli 1921 am Atlantik, um Passagéierschëff France, op enger Réckrees vu Kanada no Frankräich, war e franséische Physiker an Erfinder. Hie krut 1908 den Nobelpräis an der Physik.
Mat 3 Joer ass de klenge Gabriel mat senger Famill vu Lëtzebuerg op Paräis geplënnert, wou hien de Lycée Henri IV. an dono d'École normale supérieure besicht huet. D'Studien do huet en awer net ofgeschloss. Wat hien intresséiert huet, war d'Physik. Hie goung op Heidelberg an de Physiklaboratoire Kuhne und Kirchhoff schaffen, dono op Berlin bei den Helmholz.
1876 huet en zu Paräis seng Doktoratsthes an den Annales de chimie et de physique publizéiert ënnert dem Titel "Relations entre les phénomènes électriques et capillaires". Si huet dermoossen Androck gemaach, datt hie vum Erzéiungsminister Duruy 1883 als Professer fir Mathematik op d'Sorbonne beruff gouf. 1886 war hie Professer fir experimentell Physik a Member vun der Académie des Sciences.
1885 gouf de Gabriel Lippmann Membre de l'Institut. Hie gouf och Member vun der Académie des Sciences, der Londoner Royal Academy an der Berliner Akademie der Wissenschaften. Zanter 1907 war hien och Éieremember vum Institut Grand-Ducal. Besonnesch innovativ Fuerschung huet hien am Beräich Fotografie gemaach, wou en e Procédé entwéckelt huet, deen et méiglech gemaach huet fir mat der Interferenz vun de Liichtwellen, faarweg Fotoen ze maachen. Heifir krut hien den 10. Dezember 1908 den Nobelpräis an der Physik.
[Änneren] Verschiddenes
Zu Lëtzebuerg sin no him benannt:
- d'Rue Gabriel Lippmann zu Bouneweg, déi d'Verbindung mecht tëscht der Carignan-Strooss an der Auguste-Charles-Strooss (am Volleksmond "Juddegaass" genannt huet si zur Zäit vun der Däitscher Besetzung am 2. Weltkrich "Eifelerstrasse" geheescht a virdrun "Rue de la Montagne")
- de "Centre de Recherche Public - Gabriel Lippmann"