Fameck
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Land: | Frankräich |
Regioun: | Loutrengen |
Departement: | Moselle |
Arrondissement: | Diddenuewen-West |
Kanton: | Fameck |
Awunner: | 12.822 (1999) |
Geographesch Koordinaten: | 49° 18’ 18’’ N 06° 06’ 23’’ O |
Fameck ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen.
Uertschaften an der Gemeng
D'Gemeng Fameck besteet aus 5 Uertschaften: Rémelange - Budange - Edange - Morlange - Fameck.
D'Nimm vun dësen Dierfer gi schonns tëscht 855 an 1157 ernimmt. Den Numm Fameck kënnt vu Falmacres e gallo-réimesche Numm. Ëmt 1744 gëtt Fameck esou genannt wéi et och elo nach heescht. D'Gemeng gouf no 1789 aus de fënnef Uertschaften zesummegesat a si louch deemols op Grenz tëscht dem Barrois, Lëtzebuerg a Loutrengen.
D'Géigend ëm Fameck war haaptsächlech duerch Landwirtschaft gezeechent, bis no 1870 d'Eisenindustrie sech am Fenschdall ënner der Impuls vun der Famill De Wendel installéiert huet.