Féngeg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Fingig de: Fingig |
|||
Gemeng | Kënzeg | |||
Buergermeeschter | Jeannot Jeanpaul | |||
Kanton | Kapellen | |||
Awunner | 320 | |||
Koordinaten | 49° 36’ 9’’ N 5° 53’ 59’’ O |
|||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Féngeg ass eng Uertschaft an der Gemeng Kënzeg.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Hydrogeographesches
Féngeg läit um Waasserscheed vum Rhäin- a vum Meusebaseng. Déi Linn läit an der Uertschaft selwer praktesch de ganzen Zäit um CR 101, bis an den Ausgank vum Duerf an Direktioun Héiweng. Bei de leschten Haiser geet se da vun der Strross fort no Südosten, hanne laanscht dèi zwee lescht Haiser, erop op d'Kopp bei de klenge Muer Märchen, wou se dann op Héiweng an der Gemeng Garnech eriwwer zitt.
D´Märchen ass e klenge Muer op der Gemengegrenz mat enger Waasserfläch vu ronn 20 ar. Ronderëm zitt sech e klenge Bësch, an dat Ganzt ass ongeféier 2 ha grouss.
D'Baachen déi zu Féngeg hir Quellen hunn lafen all weider an d'Musel a gehéieren domatter zum Anzuchsgebitt vum Rhäin. Et sinn dëst: d'Falterbaach, d'Këschel an d'Wëlleschbaach.
Eng vun deenen dräi soll wann et dem Recueil de statistiques par commune 2003 nogeet d'Quell vun der Äisch sinn.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Wäschbur Féngeg
- Kierch Féngeg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften