Ethnologie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Ethnologie (grii.: ethnos - "Vollek", dt: Völkerkunde), ass eng Sozialwëssenschaft. Si erfuerscht als vergläichend Wëssenschaft déi verschidde Vëlker vun der Äerd an hir Kulturen.
D'Ethnologie ënnersicht ënnert anerem d'Gebidder vun der Genderforschung, Ethnizitéit, Entwécklungszesummenaarbecht, Ethnomedezin, Ethnobotanik, Relioun, Migratioun, Kolonialismus, Rassismus, Ökonomie an der Globaliséierung.