Erneierbar Energie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Begrëff Erneierbar Energien, och Regenerativ Energië genannt, bezeechent Energie aus nohaltege Quellen, dei no mënschleche Virstellungen ouni Enn sinn.
Dës Energie gëtt aus natierleche Prozesser vun eiser Ëmwelt gewonnen, wéi z.B. duerch d'thermonuklear Ëmwandlung an der Sonn, déi een dann z.B. mat Photovoltaikanlagen a Stroum ëmwandele kann.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Begrëff
[Änneren] Déi verschidden erneierbar Energien
- Bioenergie (aus Biomass wei Holz oder Raps)
- Biodiesel
- Biogas (Biogasanlag)
- Solarenergie
- Photovoltaik (Photovoltaikanlag)
- Solarthermie
- Thermie (Thermiekraftwierk)
- Waasserkraaft
- Staudamm a Staumaueren
- Stréimungsenergie vum Mier
- Wellenenergie vum Mier
- Miereswäermt
- Hëtzt aus de Ëmwelt (Wäermtpompelheizung)
- Wandenergie (Wandrieder bzw. Wandenergieanlag)
- Geothermie
[Änneren] Global Bedeitung
D'erneierbar Energiequelle wäerten déi fossil an nukleär Energiequelle laangfristeg ersetzen, well d'Reserve vun dëse begrenzt op der Äerd ze Verfügung stinn, hiren Asaz ökologesch problematesch ass an an Zukunft den Energieverbrauch weltwäit nach weider klamme wäert. Duerch Fërderung vu regenerativen Energien, wäert op laang Zäit d'Schuedstoffbelaaschtung, déi duerch Verfeiere vu Kuel, Ueleg a Gas entsteet, erofgesat ginn an dozou bäidroen, datt de Klimawandel net esou séier viru geet.
Déi héij Uschafungskäschte bei den Anlage vun erneierbarer Energie an déi nach gënschteg konventionell Primärenergieträger verhënneren ee séieren Iwwergaang. D'Leeschtungsverhältnis zu de konventionellen Energiequellen, wéi Notzung fossiler Brennstoffer oder vu Kärbrennstoffer, ass momentan nach zimmlech niddereg. D'Leeschtungsoffer, virun allem vu Sonn a Wand, ass groussen zäitleche Schwankungen ausgesat.
[Änneren] Politesch Erausfuederung
[Änneren] Kuckt och