Ciney
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Land: | Belsch |
Regioun: | Wallounien |
Communautéit: | Franséischsproocheg Communautéit |
Provënz: | Namouer |
Awunner: | 14.958 1. Januar 2006 |
Fläch: | 147,56 km² |
Geographesch Koordinaten:: |
50° 17’ 42’’ N 05° 06’ 04’’ O |
Ciney ass eng belsch Stad an der Provënz Namouer. Si krut den Titel Stad duerch en Arrêté Royal vun 1985.
D'Geigend ëm Cyney war schonns an der Fréigeschicht bewunnt, awer eréischt an der Réimerzäit gouf et eng richteg Uertschaft. Si gouf duerno vun de Barbaren zerstéiert, huet sech awer duerno lues a lues vergréissert fir am Mëttalter eng wichteg Plaz am Fürstentum Léck ze ginn. En Doumkapitel hat säi Sëtz zu Ciney, et war e Geriicht do, an et war den Haaptuert vun der Groussvogtei vum Condroz. Ciney gouf méi wéi eng Kéier zerstéiert, déi bekannste Reiwerei wou et drënner ze leiden hat war d'Guerre de la vache. Ciney ass haut d'Haaptstad vum Condroz, an nennt sech Clé et Porte de l'Ardenne.
[Änneren] Jumelagen
Ciney est jumeléiert mat:
- Sémur-en-Auxois Frankräich zënter 1962
- D'Uertschaft Leignon an der Gemeng Ciney ass jumeléiert mat Meursault an der Côte-d'Or.
- D'Uertschaft Chapois ass jumeléiert mat Chapois a Frankräich.
[Änneren] Kuckeswäertes
- D'Kierch Collégiale Saint-Nicolas
- D'Kapell Notre-Dame de Hal
- D'Kapell Notre-Dame an der rue Piconnette
- D'Klouschter an Kapuzinerkierch
- D'Kapell Saint-Hubert
- D'Schlass mat dem Parc
[Änneren] Kuckt och
Andenne - Beauraing - Ciney - Couvin - Dinant - Fosses-la-Ville - Gembloux - Namouer - Philippeville - Rochefort - Walcourt
Andenne - Anhée - Assesse - Beauraing - Bièvre - Cerfontaine - Ciney - Couvin - Dinant - Doische - Eghezée - Fernelmont - Floreffe - Florennes - Fosses-la-Ville - Gedinne - Gembloux - Gesves - Hamois - Hastière - Havelange - Houyet - Jemeppe-sur-Sambre - La Bruyère - Mettet - Namouer - Ohey - Onhaye - Philippeville - Profondeville - Rochefort - Sambreville - Sombreffe - Somme-Leuze - Viroinval - Vresse-sur-Semois - Walcourt - Yvoir