Guerre de la vache
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Guerre de la vache ass den Numm vun engem Krich, deen tëschent 1275 an 1278 ongféier 60 Dierfer am Condroz, (Belsch) betraff huet, an an di 15.000 Mënscheliewe kascht huet.
Et ware Lécker, Brabänner, Lëtzebuerger, an Namourer, an dës Reiwerei verwéckelt, déi eng well se de Grof vun Namouer ënnerstetzt hunn, an déi aner well se op dem Prënz-Bëschof vu Léck senger Säit stoungen.
Déi zwéin hate sech an d'Hoer kritt wéinst enger Kou déi zu Ciney geklaut gouf an op engem Maart zu Andenne erëmfonnt gouf.
Cyney huet deemols zum Fürstentum Léck gehéiert an Andenne zur Grofschaft Namur.
Déi geklaute Kou war awer am Fong geholl nëmmen eng belleg Ursach, déi vum Herzog vu Brabant a vun de Grofe vu Lëtzebuerg an Namouer gebraucht gouf, fir géint de Bëschof vu Léck, deem Ciney zënter dem Joer 1000 gehéiert huet, kënnen ze krichen.