Carlo Wagner
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Carlo Wagner (*3. Juli 1953 zu Wuermeldeng) ass e lëtzebuergesche Politiker.
De Carlo Wagner mécht säi Lycée am Staadter Koléisch a studéiert dan zu Freiburg an der Schwäiz Economie a Sozialwëssenschaften.
Hien ass e wirtschaftleche Consultant. Tëschent 1991 an 1994 ass e Generalsekretär vun der DP. 1994 gëtt hien an d'Chamber gewielt an am selwechte Joer och Buergermeeschter vu Wuermer. 1999 gëtt hien Member vum Comité directeur a vum Comité exécutif vun der DP.
No de Chamberwahlen vun 1999 gëtt hien an der Regierung Juncker-Polfer Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung.
2004 ass d'DP no de Wahlen net méi an der Regierungskoalitioun, de Carlo Wagner ass awer an d'Chamber erëmgewielt ginn.
De Carlo Wagner ass bestuet an huet 3 Kanner.