Bouillabaisse
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Bouillabaisse ass eng Fëschzopp. Fréier gouf se vun de Fëscher mat Fëschreschter preparéiert, mat deene Reschter, déi nach am Fëschkuerf iwwreg bliww sinn. Haut ass et ee franséischen Nationalplat, deen nëmme mat bestëmmte Fësch preparéiert gëtt.
[Änneren] Wéi eng Fësch gi fir d'Bouillabaisse gebraucht?
- D'Fleesch vun de Fësch muss fest sinn. Op manst 4 vun den hei opgezielte Fësch gi fir eng Bouillabaisse gebraucht:
- De Rouden a brongen Draachekapp (Rascasse)
- De St-Pierre
- D'Lotte (däitsch: Seeteufel)
- De Congre (däitsch: Seehecht)
- De Rouget-barbé (däitsch:Rotbarben)
- De Chapon
Als Geméis gi Knuewelek, Ënnen, Tomaten a Fenchel (munchmol och Gromperen) geholl, an och nach Safran an Orangeschuelen. Dat ganzt entsprechent gewierzt. D'Bouillabaisse gëtt mat Broutcroutonen a mat der traditioneller Rouille a gerapptem Kéis servéiert.
[Änneren] Regioun vun de Bouillabaissen
Marseille ass bekannt fir seng Bouillabaissen. Bouillabaisse ginn et iewer och un der ganzer franséischer Mëttelmierküst an och a Korsika.
Haut ginn et och Bouillabaisse-ähnlech Fëschzoppen baussent Frankräich, an zwar an alle Länner, déi op Fësch spezialiséiert sinn. Op der Belscher Küst gëtt z.B. eng Fëschzopp vum Nordmier servéiert, fir déi och aner (lokal) Fësch gebraucht ginn.