Bergues
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Nord-Pas-de-Calais | ||||
Departement | Nord | ||||
Arrondissement | Dunkerque | ||||
Kanton | Bergues | ||||
Code Insee | 59067 | ||||
Postcode | 59380 | ||||
Koordinaten | 50° 58’ 09’’ N 02° 26’ 06’’ O |
||||
Fläch | 132 ha | ||||
Bevëlkerung | 4 306 Aw. (1999) |
Bergues, op Hollännesch Sint-Winoksbergen, ass eng franséisch Stad a Gemeng am Blootland am Nord an der Regioun Nord-Pas-de-Calais.
Bergues läit op enger Héicht vu 6 Meter am Duerchschnëtt, mat engem Minimum vun engem Meter an engem Maximum vun 22 Meter.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] D'Awunner
D'Awunner gi Berguois genannt.
[Änneren] Nopeschgemengen
Coudekerque | ||
Bierne | Hoymille | |
Socx | Quaëdypre |
[Änneren] Bergues am Film
Bergues gouf 2008 duerch de Film Bienvenue chez les ch'tis vum Dany Boon bekannt, dee sech haaptsächlech zu Bergues afspillt.
An deem Film ginn d'Leit gleewe gelooss, d'Awunner vu Bergues géifen den Dialekt Ch'ti schwätzen. Tatsächlech gëtt do awer flämesch geschwat. Nodeems de Film erauskoum, huet sech an der Stad en Tourismus entwéckelt, dee se bis dohinner net kannt huet. Bei touristesche Féierungen, déi meeschtens vum Klackespiller, dem Jacques Martel vu Bergues geleet ginn, gëtt een da gewuer, datt nëmmen eng Koppel an der ganzer Gemeng den Dialekt schwätzt, dobäi schwätzt d'Fra de Ch'ti an de Mann de Ch'timi, d'Sprooch vun de Biergaarbechter déi op dem Ch'ti baséiert.
[Änneren] Kuckeswäertes
- De Klackentuerm deen den 2. November 2004 als historescht Monument klasséiert gouf, an zënter dem 16. Juli 2005 op er Lëscht vun de Weltierfschafte vun der UNESCO steet.
[Änneren] Um Spaweck
[Änneren] Kuckt och
- Departement Nord
- Arrondissementer am Departement Nord
- Kantonen am Departement Nord
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Nord