Atomium
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Atomium ass ee vun deene bekannste Bauwierker vu Bréissel. E gouf fir d'Weltausstellung 1958 vum Architekt André Waterkeyn als Symbol fir d'Atomzäitalter an de friddleche Gebrauch vun der Atomenergie opgeriicht.
Dat 2.400 Tonne schwéiert Gebai, fir d'éischt mat enger Aluminiumshaut an zënter dem Hierscht 2005 mat enger Inoxstolshaut iwwerzunn, representéiert en Eise-Kristall an enger 165-milliardefacher Vergréisserung. Et besteet aus 9 Bullen, déi d'Atomer representéieren, an déi allen ning en Duerchméisser vun 18 m hunn. D'Bauwierk ass 102 m héich. D'Bulle sinn duerch 23 m laang Réier mat Rulltrapen an engem Lift matenee verbonnen. Mam Lift kann een a 25 Sekonnen an déi iewescht Bull fueren, wou e Restaurant drann ass.
Den Atomium gouf 2005 renovéiert an den 18. Februar 2006 nees fir de Public opgemaach. Fir dorunner s'erënneren, huet d'Belsch Nationalbank 2006 eng 2-Euro-Gedenkmënz erausbruecht, op deër den Atomium ze gesinn ass.