See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Atert (Baach) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Atert (Baach)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Atert
Statut {{{14}}}
Längt 38 km
Héicht vun der Quell 406 m
Duerchschnëttsdebit m³/s
Fläch vum Baseng 298,9 km²
Leeft duerch Belsch
Lëtzebuerg
Mündung Uelzecht
Breet vun der Mündung n/a
Floss - Hydrologie

D'Atert (fr.: Attert) ass en Niewefloss vun der Uelzecht.

Si entspréngt am Kielbësch, südlech vu Nobressart, Gehaanselchert op Lëtzebuergesch, an der Belsch.

Tëschent der Uertschaft Atert an Nidderkolpech leeft s'iwwer d'belsch-lëtzebuergesch Grenz. Ee Véierel vun hirem Baseng läit an der Belsch, dräi Véierel zu Lëtzebuerg.

D'Atert fléisst laanscht d'Uertschafte Nidderkolpech, Ell, Réiden, Räichel, Iewerleng, Useldeng, Béiwen un der Atert a Biissen, ir se zu Kolmer-Bierg an d'Uelzecht leeft.

1998 hunn 23 Gemengen an Associatiounen am Atert-Baseng den Atert-Kontrakt (ergänzt 2001 duerch eng Charta) ënnerschriwwen. Dës gesäit eng nohalteg Notzung vum Floss a sengem Baseng vir, an huet deem virgegraff, wat an der europäescher Waasser-Caderdirective vun 2000 virgesinn ass, nämlech eng Gestioun vun de Gewässer op Grondlag vun hirem Baseng, an net vun territoriale Grenzen.

Bild:Atert-zu-Biissen--w.jpg
D'Atert zu Biissen

[Änneren] Nieweflëss vun der Atert

[Änneren] An der Belsch

Lenks:
  • eng Baach déi vum Stengtgesfeld kënnt
  • Ruisseau de Nobressart
  • Luchterterbaach
  • Schläimbaach
  • Dreibaach mat:
    • Foulterflass mat:
      • Lëichwis
    • Ruisseau de Post
    • Ruisseau de Schockville
  • Noutemerbaach
Riets:
  • Bayermillebaach mat:
    • Ruisseau de Thiaumont
  • Metzeterbaach
  • Peiternellsflass

[Änneren] Zu Lëtzebuerg

Lénks:
Riets:
  • eng Baach déi aus der Grendelerheck kënnt
  • Pall mat:
  • Schweebech mat:
    • Haasselbaach
    • Uurbaach
    • Wollefsbaach
  • Aeschbech mat:
    • Kandelbaach
  • Tonnbaach
  • eng Baach déi vum Brongeshaff kënnt

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Mirjam Oesch (Text) a Guy Hoffmann (Fotoen): Das Tal der Attert - Portrait einer grenzüberschreitenden Region, an den Éditions Guy Binsfeld, September 2007, et gëtt och eng franséisch Editioun vum Buch. 160 Säiten, 200 Fotoen.
  • Nehrenhausen, Jeannot: 'Un der Atert, no beim Waasser...' Redingens heimliche Lokalhymne, In: Luxemburger Marienkalender. - Jg. 121(2002), p. 126-136, ill.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -