Apollo (Asteroid)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(221) Eos | |
---|---|
Orbittyp | Apollo-Typ |
Positioun (Äquinoktium: J2000.0) | |
Grouss Hallefachs | 1,471 A.E. |
Perihel – Aphel | 0,648 – 2.295 AE |
Exzentrizitéit | 0,560 |
Inklinatioun | 6,357 Grad |
Sideresch Ëmlafzäit | 1 Joer 287 Deeg |
Mëttel Bunnvitesse | 24,533 km/s |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 1,4 km |
Mass | 2×1012 kg |
Albedo | 0,25 |
Mëttel Distanz | ? g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 3 h 4 min |
Absolut Hellegkeet | 16,25 |
Spektralklass | Q-Typ |
Entdecker Karl Wilhelm Reinmuth | |
Entdeckungsdatum | 24. Abrëll 1932 |
Aner Bezeechnungen | 1932 HA |
No dem (1862) Apollo gëtt eng ganz Grupp vun Asteroiden genannt. Et sinn d'Apollo-Asteroiden. Dat sinn Himmelskierper, deenen hir exzentresch Bunn d’Äerdbunn kräize kënnen.
Den Asteroid gouf am Joer 1932 vum Karl Wilhelm Reinmuth entdeckt an nom Apollon, engem Gott aus der Griichescher Mythologie, benannt.
Den Apollo leeft op engem mëttleren Ofstand vun 1,471 AE a ronn 650 Deeg op enger staark exzentrescher Bunn ëm d’Sonn. Dobäi kann hie sech der Äerd bis op 5 Millioune km nokommen.
Unhand vu Radarobservatiounen mat dem Arecibo Observatoire gouf am Joer 2005 nogewisen, datt den Apollo vun engem klenge Mound begleet gëtt. De Begleeder huet en Duerchmiesser vu ronn 75 Meter a leeft am Ofstand vu ronn 3 km ëm den Asteroid.
[Änneren] Kuckt och
- Lëscht vun den Asteroiden
- Apollo, fir aner Bedeitunge vum Wuert