Alnilam (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Numm Alnilam ass d'Bezeechnung fir de Stär ε Orionis (Epsilon Orionis), de mëttleren Ceinturestär am Orion. De Numm ass arabesch a bedeit souvill wéi "Areiung (vu Päerelen, Ceinturemëtt)". Den Alnilam huet eng schäinbar Hellegkeet vun +1,7 mag a gehéiert zu der Spektralklass B0. Seng Temperatur ass ronn 25.000 Kelvin an hien ass soumat e bloe Stär. Den Epsilon Orionis gehéiert zu den liichtkräftegsten Stäreen, déi mär kennen: D'Liichtkraaft iwwersteigt eis Sonn ëm dat 375.000-facht. Den Alnilam ass och ronn 31,8x méi grouss wéi eis Sonn. Seng Distanz zu eis ass 1200 Liichtjoer.
[Änneren] Date
- Koordinaten (Äquinoktium 2000):
- Rektaszensioun 5h36m13s;
- Deklinatioun -1°12'7"
- Duerchmiesser: 44.265.600 km
- Liichtkraaft: 375.000 x Sonn