See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Alkor (Stär) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Alkor (Stär)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Alkor - och "Reiderlein" genannt – ass een mat fräiem A siichtbare Begleeder vum helle Stär Mizar (ζ oder 79 UMa) am Stärebild Ursa Major. Den Alkor huet d’Bezeechnung 80 Ursae Maioris (80 UMa). Seng Distanz zu eis ass ronn 81 Liichtjoer. De Numm (arab.) bedeit souvill wéi "den Erniddregten". Aner alarabesch Nimm sinn Saidak oder Suha.

E normalt gutt A kann den Alkor bei klorem Himmel als Stär vun der 4. Gréisst nërdlech vum Mizar, dem mëttelsten Deichselstär vum grousse Won, erkennen (Aepréifer. De Wénkelofstand ass 11'50" (den tatsächlechen Ofstand vum Stär ass ongeféier 3 Liichtjoer). Den Alkor selwer ass en spektroskopeschen Duebelstär, dee mat engem weideren, onsiichtbaren Begleeder souguer en Dräifachsystem ass.

D’Eegebewegungen vu Mizar an Alkor weisen, datt si sech openeen zou bewegen. Wann den Alkor gravitativ un de Mizar gebonnen ass an ëm si kreest, wär d’Ëmlafzäit mat 800.000 Joer ongewéinlech laang. Well de Mizar selwer e Véierfachsystem ass, wär den "Aepréifer" souguer e siwefacht Stäresystem.

No enger indianescher Virstellung ass de Mizar eng Fra, déi e Kand (Alkor) op dem Réck dréit. Eng griichesch Iwwerliwwerung seet, den Alkor wär eng vun de 7 Gesëchter, déi virun de Plejaden (Siewegestir) heihin fortgelaf wären (de bekannte Stärekoup huet nëmmen 6 hell Stäre).

Koordinaten ( Äquinoktium 2000.0)


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -