Aktualitéit/2004
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Dezember 2004
- 26. Dezember: Séibiewen am Indeschen Ozean an Tsunami-Flutwell. Grousse Schued an ëm déi 290.000 Doudeger an de Küsteregiounen am Golf vu Bengalen, Südasien an Südostasien.
[Änneren] November 2004
- 22. November: An der Ukraine ass dem offizielle Resultat vun der Stëchwal vum Dag virdrun no de Wiktor Janukowytsch zum neie President gewielt ginn. D'Opposition schwätzt awer vu massivem Walbetrug a fuerdert Neiwalen. Méi wéi 100.000 Leit demonstréieren zu Kiew an et kënnt zur sougenannter Oranger Revolutioun, engem friddleche Protest géint d'Walfälschungen, dee sech iwwert e puer Wochen hinzitt.
- 11. November: De Jassir Arafat stierft zu Clamart, Frankräich.
- 2. November: Bäi de Presidentschaftswalen an den USA gewënnt de Republikaner George W. Bush ganz knapps géint den Demokrat John F. Kerry a wäert domadder och fir déi nächste véier Joer de Presidenteposte behalen.
[Änneren] August 2004
- 13. August: Déi XXVIII. Editioun vu den Olympesche Summerspiller fänkt zu Athen un.
[Änneren] Juni 2004
- 28. Juni: Den Irak kritt seng Souveränitéit nees zeréck a ka sech, mat Aschränkungen, erëm selwer verwalten. D'Truppen an d'Logistik vun den USA an deenen anere Besatzungsmiecht sollen awer an enger Stäerkt vun ongeféier 150.000 Soldaten fir déi nächst 1-2 Joer am Irak stationéiert bleiwen.
[Änneren] Mee 2004
1. Mee: D'Europäesch Unioun gëtt ëm zéng nei Memberstaten erweidert: Estland, Lettland, Litauen, Malta, Polen, Slowakei, Slowenien, Tschechien, Ungarn an Zypern.
[Änneren] Mäerz 2004
- 14. Mäerz: De Wladimir Putin gëtt als President vu Russland a sengem Amt bestätegt.
- 11. Mäerz: Schwéier Terrorattack zu Madrid, 200 Doudeger, 1.500 Blesséierter.