Achernar (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Achernar | ||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
aner Nimm oder Katalognummeren | ||||||||||
|
Den Achernar, α Eridani, ass deen hellste Stär am Stärebild Eridanus an ee vun deenen 10 hellste Stären um Himmel. Hien ass esou wäit südlech, datt hie vun Europa aus net ze gesinn ass.
De Numm staamt aus dem Arabeschen a bedeit "D’Enn vum Floss".
Hie gouf 2003 vum Very Large Telescope Interferometer (VLTI) observéiert, woubäi sech gewisen huet, datt hien duerch seng séier Rotatiounsvitesse vun op mannst 230 km/s staark ofgeplatt ass. De geneeë Wert vun der Rotatiounsvitesse hängt vun der onbekannter Ausriichtung vun der Rotatiounsachs of. Säin Äquatorduerchmiesser ass op mannst dat annerhalleffacht vum Duerchmiesser un de Polen.
[Änneren] Daten
- Schäinbar Hellegkeet: 0,58m
- Absolut Hellegkeet: -1,3m
- Rektaszensioun ( Äquinoktium 2000.0): 1h37m42.90s
- Deklinatioun ( Äquinoktium 2000.0): -57°14'12.0"
- Spektralklass: B3Vpe (peculiar, emission)
- Distanz: 144 Liichtjoren
- Duerchmiesser: 6,3x Sonn (8.769.600 Kilometer)
- Liichtkraaft: 3.000x Sonn
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- (en) http://www.eso.org/outreach/press-rel/pr-2003/pr-14-03.html ESO press release: Flattest star ever seen