Gladio
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Gladio, aus dem Italieneschen vum Latäin gladius ass Schwäert, ass den Numm vun enger geheimer Organisatioun vun der NATO, der CIA an dem briteschen MI6 an der Zäit vum Kale Krich. Gladio huet et ginn vun ongeféier 1950 bis wéingestens 1990 a war aktiv an dem deemolege Westeuropa, Griicheland an der Tierkei.
Am Laf vun der Opdeckung gouf 1990 bekannt, datt Deeler vu Gladio ënner Matwierkung vu staatlechen Organer systematesch Terrorakten an e puer europäesche Länner organiséiert oder ausgefouert hunn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Gladio - Stay Behind zu Lëtzebuerg
Bei dësen Opdeckungen huet sech d'Fro gestallt, wéiwäit Lëtzebuerg, als Nato-Memberstaat, och esou eng Struktur opgebaut huet.
De Romain Hilgert an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek vum 10. November 1990 war deen éischten, deen iwwer d'"NATO-Terrorkommando auch in Luxemburg" geschriwwen huet, an huet dës am Titel ("Fünf Jahre Staatsgeheimnis Bombenleger") mat der Bommeleeër-Affär an Zesummenhang bruecht.
Op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierten Charles Goerens hin huet den deemolege Premierminister (an doduerch Chef vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht) Jacques Santer de 14. November 1990 an der Chamber gesot, Gladio wier eng italienesch Struktur, "international" héisch se "Stay Behind". Stay Behind wier eng Organisatioun, déi, an den 1960er Joeren an alle Nato-Länner opgesat a vun der Nato coordinéiert gi wier, fir am Fall vun engem Iwwerfall an enger Occupatioun aktiv ze ginn (hien huet Parallelen zu der Resistenz am Zweete Weltkrich gezunn). All Land wier fir seng eege Strukture verantwortlech gewiescht. Zu Lëtzebuerg wier et de Geheimdéngscht gewiescht, deen d'Membere vu "Stay Behind", alles Fräiwëlleger, rekrutéiert gehat hätt. No engem Iwwerfall wieren hir Aufgaben, der Nato Informatiounen iwwer d'politesch a militäresch Lag virunzeginn, Flucht-filièren z'organiséieren a militäresch Spezialunitéiten "z'ënnerstëtzen". Et hätt regelméissëg Übunge ginn, fir am Eeschtfall asazbereet ze sinn.
De Jacques Santer sot weiderhin, hien hätt bis virun e puer Deeg näischt iwwer d'Existenz vun esou enger Organisatioun gewosst, an hätt direkt dem Geheimdéngscht den Uerder ginn, se opzeléisen.
D'CSV-LSAP-Majoritéit huet doropshinn dergéint gestëmmt, eng parlamentaresch Enquêtecommissioun op d'Been ze stellen, fir méi iwwer Gladio-Stay Behind gewuer ze ginn.
Den Deputéierte Jupp Weber huet eng Woch drop an enger Drénglechkeetsfro un en Artikel vum Carlo Hemmer am Lëtzebuerger Land vum 12. Juli 1963 erënnert, an deem et ëm eng Preesekonferenz vum deemolege Premier Pierre Werner goung, an där deen zougi gehat hätt, et géif Lëschten vu Leit, déi am Fall vun engem Krich direkt missten ëmbruecht oder gefaange geholl ginn. De Weber huet gefrot, ob esou Lëschten nach ëmmer géifen existéieren, a ween do drop stéing. Den Innenminister Jean Spautz huet am Numm vum Jacques Santer g'äntwert, d'lëtzebuergesch Membere vu Stay Behind hätten "en aucun moment" esou eng Lëscht gehat.
De 17. Dezember 1990 huet de Staatsminister Santer, op eng Motioun vum 15. November 1990 vun der Chamber hin, der Chamberskommissioun fir institutionnell Froen an d'Verfassungsreform méi Informatioune geliwwert (Quell: Lëtzebuerger Journal 18.12.1990). Deemno hätt de lëtzeburgesche Stay Behind aus maximal 12, zum Schluss just nach 9 Agente bestanen, déi sech ënnert enee net kannt hunn a bei Übungen iwwer Funk, koordinéiert vun engem belsche Generol, a Kontakt stoungen. Et wieren dës keng Militär oder Membere vun der Force publique, mee Männer a Frae mat ënnerschiddleche Beruffer (Baueren, Eisebunner, Beamten, ...), déi zum Deel aus der Resitenz kéimen. 1973 wier e Waffelager ugeluecht ginn, dat aus enger zénkener Këscht mat 2 Maschinnepistoulen, 4 Pistoulen, 4 Handgranaten a 600 Patrounen dra bestoung. Dëst wier de 14. November 1990 opgeléist ginn. Alles an allem wieren d'lëtzebuergesch Stay-Behind-Leit net u Sabotage-Akte bedeelegt gewiescht, an zu Lëtzebuerg wieren och keng international Gladio-Versammlungen ofgehale ginn.
[Änneren] Stay Behind, "Eislek 1984", Bommeleeër an Affären an der Belsch
Iwwert en Zesummenhank tëscht Gladio an de Bommeleeër gouf 1990 am uewen ernimmten Zeitungs-Artikel spekuléiert, si ass och Enn 2007 nees aktuell ginn, nodeems de Schwäizer Historiker Daniele Ganser e méiglechen Zesummenhank diskutéiert huet.
De Romain Hilgert, deen sech op de belsche Le Soir an d'Resultater vun enger belscher parlamentarescher Commissioun baséiert huet, huet op opfälleg Parallelen zu den Tueurs fou du Brabant an de Cellule Communistes Combattantes (CCC) higewisen. Sou hätt et e Manöver mam Numm "Ösling 84" mat belschen an amerikanesche Spezialunitéite ginn, an zu der slweschter Zäit en Iwwerfall op e Waffelager vun der Belscher Arméi bei Vielsalm. Ee vun de Gewier, déi do geklaut goufen, wier dono an enger Stopp vun der CCC erëmfonnt ginn. A Sprengstoff, deen bei den Abréch an enger Steekaul zu Lëtzebuerg verschwonne war, a bei den Attentater vun de Bommeleeër zum Asaz koum, ass och als deen identifizéiert ginn, dee bei Attentater géint amerikanesch Enntreprisen vun den CCC gebraucht gouf.
Wéi zu Lëtzebuerg ginn et och an der Belsch Hiweiser, datt hannert de CCC-Attentater a Wierklechkeet Agent provocateurë vun Spezialunitéite vun de Forces de l'ordre gestach hätten, déi mat hiren Attentater e Klima vu Bedrohung duerch eng "kommunistesch Gefor" provozéiere gewollt hätten (Q: DNF Nr.681, S.1-2).
Bewisen ass dat a béide Fäll bis ewell awer net.
[Änneren] Fir ze liesen
- Daniele Ganser: Nato's Secret Armies. Operation Gladio an Terrorism in Western Europe, Frank Kass, London - New York,
[Änneren] Um Spaweck
- En Artikel aus der NZZ vum Daniele Ganser "Die Geheimarmeen der NATO a pdf-Form
- E SPIEGEL-Artikel vum Günther Latsch "Die dunkle Seite des Westens" vum Abrëll 2005 a pdf-Form
- Compte-rendu vun der Chamberssëtzung vum 14. November 1990, mat ë.a. der Drénglechkeetsfro Nr 66 an der Äntwert drop.
- Compte-rendu vun der Chamberssëtzung vm 20. November 1990 mat ë.a. der Question urgente vum Jup Weber.
- "Stay behind: Kalter Krieg oder kalter Kaffee?" Artikel op Wort.lu vum 21.01.08