Chamber
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Chamber ass de Lëtzebuerger Numm fier d'Chambre des Députés, d'lëtzebuergescht Parlament. Si läit um Krautmaart, nieft dem groussherzogleche Palais an der Stad Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Gebai um Krautmaart
De Grondsteen fir d'Chamber-Gebai (deemols Hôtel des États) um Krautmaart gouf de 27. Juli 1858 geluecht.
[Änneren] Constitutionnell Roll
D'Roll vun der Chamber ass et, als Deel vun der legislativer Prozedur, Gesetzespropositioune kënnen ze maachen, des Propositiounen (an och d'Gesetzesprojetën, déi vun der Regierung abruecht kënne ginn) ze diskutéieren, an se dann unzehuelen oder ofzeleenen.
[Änneren] Funktiounsweis
D'Funktiounsweis vun der Chamber gëtt bestëmmt duerch Dispositiounen, wéi s'an der Lëtzebuerger Constitutioun an am Wahlgesetz festgelucht sinn, an duerch hir eege Geschäftsuerdnung (Règlement intérieur). Déi Period vun engem Joer, bannent deer d'Chamber zesummekënnt, nennt een "Uerdentlech Sëtzung" (Session ordinaire). Se fänkt den zweeten Dënschden am Oktober un. Normalerweis huet all Legislatur 5 Uerdentlech Sëtzungen. All Sëtzung gëtt duerch de Groussherzog (perséinlech, oder a Vertriedung duerch de Premierminister) op- an zou gemaach.
[Änneren] De Chamberpresident
Dem Chamberpresident seng Roll ass et, d'Chamber no baussen hin ze representéieren, an an de Sëtzungen, fir Uerdnung an d'Anhale vum Règlement ze suergen, d'Riedenzäiten ze erdeelen, an d'Resultat vun Ofstëmmunge an d'Decisiounen vun der Chamber ze verkënnegen. Hie kann duerch Vizepresidenten ersat ginn, oder, wa keen vun hinnen disponibel ass, duerch deen eelsten Deputéierten ("Doyen").
[Änneren] De Chamberbureau
Um Ufank vun enger Legislatur ernimmt d'Konferenz vun de Presidenten (kuckt weider ënnen)de Chambersbureau, dee fir d'Organisatioun vun de Sëtzunge verantwortlech ass. E besteet aus engem President, 3 Vizepresidenten an héchstens 7 Memberen. De Bureau ass souzesoen responsabel fir d'Administratioun vun der Chamber. Hien organiséiert d'finanziell an organisatoresch Froen, déi d'Deputéierte betreffen, d'Personnel, dat an der Chamber schafft, asw. Eng Ausnahm ass den Ordre du Jour, dee vun der Konferenz vun de Presidente festgeluecht gëtt.
[Änneren] Konferenz vun de Presidenten
Si sëtzt sech zesummen aus dem Presidnet vun der Chamber an de Presidente vun deene verschiddene politesche Fraktiounen. Hir wichtegst Roll ass et, den Oflaf vun de Sëtzungen ze proposéieren an hiren Avis iwwer déijéinech Projetën vu Règlement grand-ducalën ofzeginn, wou dat vum Gesetz hir virgesinn as.
[Änneren] D'parlamentaresch Kommissiounen
D'parlamentaresch Kommissiounen dingen dozou, d'parlamentaresch Aarbechte méi rationell ausféieren zu kënnen. Si bereeden d'Chamberssëtzunge vir, andeems an hinnen d'Gesetzesprojetën a -propositiounen, an och d'Amendementër an d'Motiounen diskutéiert ginn. D'Parteie sinn, esou wäit wéi méiglech, proportionnell zu hirer Sëtzzuel, an deene verschiddene Kommissioune representéiert. Et gi permanent Kommissiounen, Enquête-Kommissiounen, reglementärer a spezieller, déi all vun der Chamber selwer bestëmmt kënne ginn.
Permanent Kommissiounen sinn déi zu deene Sujetën, zu deenen et regelméisseg Gesetzesprojetën oder -propositiounen gëtt. Déi reglementär sinn déi, déi duerch d'Reglement virgesi sinn. Spezialkommissiounen kënnen zäitweileg fir verschidden (dacks sozial sensibele) Sujetën gegrënnt ginn, wéi Ethik, Immigratioun, Drogen, asw. Enquête-Kommissiounen dingen dozou, méi Liicht a bestëmmte (Regierungs)affairen ze bréngen.
[Änneren] Zesummesetzung
D'Uerdentlech Sëtzung 2006-2007 sëtzt sech aus dëse 60 Deputéierten (ADR (4), CSV (24), Déi Gréng (7), DP (10), LSAP (14), Ouni Partei (1)) zesummen:
[Änneren] ADR
[Änneren] CSV
- Sylvie Andrich-Duval
- Nancy Arendt
- Lucien Clement
- Christine Doerner
- Marie-Josée Frank
- Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen
- Marcel Glesener
- Norbert Haupert
- Françoise Hetto-Gaasch
- Aly Kaes
- Paul-Henri Meyers
- Laurent Mosar
- Marcel Oberweis
- Gilles Roth
- Patrick Santer
- Marcel Sauber
- Jean-Paul Schaaf
- Marco Schank
- Marc Spautz
- Martine Stein-Mergen
- Fred Sunnen
- Lucien Thiel
- Lucien Weiler
- Michel Wolter
[Änneren] Déi Gréng
[Änneren] DP
- Xavier Bettel
- Eugène Berger
- Anne Brasseur
- Fernand Etgen
- Colette Flesch
- Charles Goerens
- Paul Helminger
- Alexandre Krieps
- Claude Meisch
- Carlo Wagner
[Änneren] LSAP
- Marc Angel
- Alex Bodry
- John Castegnaro
- Claudia Dall'Agnol
- Fernand Diederich
- Lydie Err
- Ben Fayot
- Jean-Pierre Klein
- Lydia Mutsch
- Roger Negri
- Jos Scheuer
- Roland Schreiner
- Romain Schneider
- Vera Spautz
[Änneren] Ouni Partei
[Änneren] Presidente vun der Chamber
kuckt dozou: Chamberpresidenten.
[Änneren] Literatur zum Thema
- Nicolas Als, Robert L. Philippart: Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, ISBN 2-87954-6