Lydia Mutsch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Lydia Mutsch , gebuer de 17. August 1961 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch Politikerin.
D'Lydia Mutsch huet zu Göttingen studéiert (1980-1985) an duerno am Journalismus an an der Publicitéit geschafft.
1987 ass si Member vum Escher Gemengerot ginn. 1989 kënnt si op d'LSAP-Lëscht fir d'Chamberwahlen, gëtt an d'Chamber gewielt an ass zënterhier nach all Kéiers erëmgewielt ginn. Zënter Abrëll 2000 ass si Buergermeeschtesch vun der Stad Esch-Uelzecht.
Si ass och Member vum Benelux-Parlament a Membre suppléant vum Comité vun de Regiounen.