Michel Wolter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Michel Wolter (*13. September 1962 an der Stad), ass e Lëtzebuerger Politiker.
Als Jong vum Jean Wolter wiisst de Michel Wolter zu Esch-Uelzecht op, a geet do, an dono zu Iechternach an de Lycée. 1985 schléisst e séng Economiesstudien zu Paräis op der Sorbonne matt enger Maîtrise of.
Hie schafft an der Privatwirtschaft, a gëtt 1984 matt nëmmen 22 Joer, als bis ewell jéngsten Deputéierten, op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber gewielt. Duer gëtt en 1989, 1994, 1999 an 2004 erëmgewielt.
Vun 1985 bis 1990 ass de Michel Wolter President vun der CSJ, an tëschent 1988 an 1992 ass en am Escher Gemengerot. Hie plënnert op Uewerkäerjeng a gëtt do, 1993 an de Gemengerot gewielt, e Mandat, dat en e bësse méi wéi e Joer ausübt. De 26. Januar 1995 gëtt hien an der Regierung Juncker-Poos Minister vun der Fonction Publique a vun der Verwaltungsreform.
Tëschent 1999 an 2004, an der Regierung Juncker-Polfer, ass de Michel Wolter Inneminister. Zanter de Chamberwahle vun 2004 ass e President vun der Chamberfractioun vun der CSV.
Vun 1987 bis 1993 war hie President vun der Fédération Luxembourgeoise de Tennis.
De Michel Wolter ass bestued an huet 3 Kanner.