Corvus (Stärebild)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Date vum Stärebild Corvus | |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Kueb |
Laténgesche Numm | Corvus |
Laténgesche Genitiv | Corvi |
Laténgesch Ofkierzung | Crv |
Positioun | Himmelsäquator |
Rektaszensioun | 11 56m bis 12h 56m |
Deklinatioun | -11°40’ bis 25°10’ |
Fläch | 184 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 65° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Fréijoer |
Zuel vun de Stären mat Gréisst < 3m |
4 |
Hellste Stär, Gréisst |
γ Corvi (Gienah), 2,59m |
Meteorstréim | Corviden, 27./28. Juni |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Virgo Crater Hydra |
De Kueb (latäin Corvus) ass e Stärebild südlech vum Himmelsäquator.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Beschreiwung
De Corvus ass e klengt Stärebild nërdlech vum Stärebild Hydra. Déi véier hellste Stären mat enger schäinbarer Hellegkeet ëm 3 m maachen e Véiereck.
Déi bescht Observatiounszäit sinn d’Méint Mäerz bis Mee.
[Änneren] Geschicht
De Corvus gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der antiker Astronomie, déi schonns dem Ptolemäus bekannt waren.
[Änneren] Meteorstréim
De Meteorstroum vun den Corviden kann ëm den 27. an 28. Juni observéiert ginn.
[Änneren] Himmelsobjete
[Änneren] Stären
B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
γ | 4 | Gienah, Gienah Ghurab | 2,59m | 190 | B8 III |
β | 9 | Kraz | 2,65m | 140 | G5 II |
δ | 7 | Algorab | 2,94m | 120 | B9 V |
ε | 2 | Minkar | 3,02m | 140 | K2 III |
α | 1 | Alchibah | 4,02m | 49 | F2 IV |
ζ | 5 | 5,20m | 360 | ||
η | 8 | 4,30m | |||
3 | 5,45m | ||||
6 | 5,66m |
Den γ Corvi ass mat enger schäinbarer Hellegkeet vun 2,6m den hellste Stär am „Kueb“. Hien ass 190 Liichtjoer vun eis ewech a liicht blo-wäiss. De Stär gehéiert zu der Spektralklass B8.
De Numm Gienah ass arabesch a bedeit „Flillek“.
96 Liichtjoer wäit ewech läit den β Corvi (Kraz). Hien ass e giele Stär a gehéiert zu der Spektralklass G5.
Och d’Nimm vun de Stären Minkar (ε Corvi) an Alchiba (α Corvi) sinn arabesch a bedeiten „Schniewel“ an „Zelt“.
[Änneren] Duebelstären
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
δ | 3,0m/9,2m | " |
ζ | 5,2m/13,7m |
Den δ Corvi (Algorag kënnt vum arabeschen al-ġurāb, „de Kueb“). Hien ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu ronn 120 Liichtjoer.
[Änneren] Verännerlech Stären
Objet | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
R | 6,7m–14,4m | 317 Tage | Mira-Stär |
Den R Corvi ass e laangperiodesche verännerleche Stär vum Typ Mira. Iwwer en Zäitraum vun 317 Deeg verännert hie seng Hellegkeet vun 6,7 bis 14,4m.
[Änneren] Messier- an NGC-Objete
Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
4038 | 10,5m | Galaxis | Antennengalaxis | ||
4039 | 10,5m | Galaxis | Antennengalaxis | ||
4361 | 10,5m | Planetareschen Niwwel |
Am Corvus befënnt sech d’Galaxiekoppel NGC 4038 an den NGC 4039. Déi zwou Galaxien goufen duerch déi géigesäiteg Gravitatiounswirkung staark verformt, woubäi op laangbeliichten Fotoën, zwee dënn Filamenter siichtbar ginn, déi un Antennen erënneren.
De Planetareschen Niwwel NGC 4361 läit op enger Distanz vun 4.300 Liichtjoer. An hirem Zentrum ass en 12,8m hellen Zentralstär, e Wäissen Zwerg, ze gesinn.