Gravitatioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Gravitatioun ass déi Kraaft déi zwee verschidden Objeten, déi eng Mass hunn, unzitt. Mir sinn dëser Kraaft all Dag ausgesat. Et ass d'Kraaft, déi Objeten op de Buedem zitt, an eis och um Buedem hält.
Den Isaac Newton huet als éischten d'Prinzipien zu der Gravitatioun opgestallt. Spéider huet den Albert Einstein a senger Relativitéitstheorie dës Prinzipien a Fro gestallt an huet nei Prinzipien agefouert, déi awer och déi al Resultater vum Newton erklären.