Duebelstär
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Duebelstären
Am allgemengen bezeechent een zwee Stären als Duebelstär, wann déi zwee an der Himmelskugel dicht no beieneen sinn. Dat nennt een en opteschen Duebelstär.
Am speziellen besteet een Duebelstär aus zwee Stären, déi op Grond vun hirer géigensäiteger Massenunzéiung eng physesch Eenheet maachen. Dat nennt een en physeschen Duebelstär.
Déi optesch Duebelstäre sinn ouni Interessen fir d’Astronomie, well si vun der Äerd aus gesinn reng zoufälleg dicht beieneen stinn, wougéint physesch Duebelstäre e kuerzen räimlechen Ofstand vuneneen hunn an sech ëm een gemäinschaftlechen Schwéierpunkt bewegen. Déi physesch Duebelstäre sinn also keng optesch Täuschung, wéi et bei opteschen de Fall ass.
Déi masseräich Komponent vun engem physeschen Duebelstär, oder wann dëst net feststellbar ass, déi hellste Komponent, gëtt als Haaptstär bezeechent, déi massenärmsten oder déi liichtschwaachste Komponent, als Begleeder. Physesch Duebelstäre sinn heefeger am Universum ze fannen. Vun deenen mat bloussem A siichtbar Stären sinn nëmmen ronn 40 % Eenzelstäre. Zesummen dierften sech ongeféier all zweete Stär am Mëllechstroossensystem an engem physeschen Duebel- oder Méifachstäresytem befannen.
Munch Duebelstäre stinn sou dicht beieneen, datt si nëmmen duerch speziell Methoden ze erkennen an ze trennen sinn. Haaptsächlech spektroskopesch Ënnersuchungen weisen d’Duebelstärenatur duerch Variatiounen am Spektrum: d’Linnen erschéngen phaseweis duebel a sinn je no rout oder blo verréckelt (Dopplereffekt). Aus dem Resultat vun dëser Verràcklung kann op d’Ëmlafschnellegkeeten, Perioden an aner Eegenschaften geschloss ginn.