André Mergenthaler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den André Mergenthaler, eigentlech André Mergen, gebuer de 17. Februar 1957 zu Péiteng, ass e lëtzebuergesche Museker a Komponist.
Hien huet Klarinett an der Rodanger Musek an an der Péitenger Musekschoul geléiert. No enger kuerzer Zäit huet hien ëmgesuedelt op Saxophon. Seng Léier huet hien dunn op de Conservatoire vun Esch-Uelzecht, Metz a Paräis gefouert. Am "European Youth Orchestra" huet hien och eng Zäit als Jugendlechen gespillt, an éischt Erfahrungen an der klassëscher Mussek gesammelt. Duerno koume véier Joer op der Hochschule für Musik Köln, wou hien Cello studéiert huet.
Aacht Joer laang war den André Mergenthaler bei der Grupp Art Zoyd. Mat hinnen as hien an Europa (Kontinent), den USA an den Ostblocklänner opgetrueden. Nodeems hien nees a sengem Heemechtsland war, ass e meeschtens als Solist um Cello opgetrueden, an ass aktive Member vum Museksgrupp Brigade d'Intervention Musicale. 2002 huet hien den Nosferatu vum Friedrich Wilhelm Murnau an der Cinémathèque live um elektrësch-verstärkten Cello vertount. Och fir d'Filmer Voyage (1987, Regie: Marie-Hélène Massin), Der Mensch mit den modernen Nerven (1988, Regie: Bady Minck), Hochzäitsnuecht 1991, Regie: Pol Cruchten), Mécanomagie (1996, Regie: Bady Minck), huet hien d'Musek komponéiert. Am Film Dammentour hat hien eng kleng Roll.
[Änneren] Discographie
- Musik für einen Engel (1985)
- Mergenthaler Divertimento pour 22 solistes (1999)
- Jubilations (2004)