Péiteng
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
||||||
---|---|---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Pétange de: Petingen |
|||||
Gemeng | Péiteng | |||||
Buergermeeschter | Pierre Mellina (CSV) | |||||
Kanton | Esch-Uelzecht | |||||
Awunner | 7.399 | |||||
Fläch | 4,1 | |||||
Koordinaten | 49° 33’ 23’’ N 5° 52’ 37’’ O |
|||||
Awunner (Gemeng) | 14.540 | |||||
Fläch (Gemeng) | 1193 ha | |||||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Péiteng ass eng Uertschaft am Süd-Weste vum Land an eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen.
D'Gemeng Péiteng ass haut mat senge knapps 12 km² eng vun de flächeméisseg klengste Gemengen am Land. Mat ongeféier 14.500 Awunner ass et awer awunnerméisseg déi fënneftgréisst.
Péiteng ass jumeléiert mat Maribor a mat Schio.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] D'Gemeng Péiteng
[Änneren] Uertschaften an der Gemeng
[Änneren] Geographie
D'Gemeng Péiteng läit am Dall vun der Kuer an ass ëmgi vun de Gemengen Nidderkäerjeng an Déifferdeng lëtzebuergersäits, de Gemengen Longlaville an Zounen (fr: Saulnes) op franséischer Säit an Éibeng op der belscher Säit.
[Änneren] Verkéier
Mam Zuch kënnt een op Péiteng vu Lëtzebuerg aus mat der Linn 70, a vu Beetebuerg iwwer Esch mat der Linn 60.
Un de Strosseverkéier ass Péiteng ugeschloss duerch d'Nationalstroossen N 5, N 5b, N 5c, N 31, den CR 176 an den CR 111.
[Änneren] Geschicht
1601 gouf d'Grenz tëscht Loutrengen a Lëtzebuerg festgeluecht: Péiteng huet dun zu Lëtzebuerg, Rodange a Rolleng zu Loutrengen a Bar gehéiert. Zënter 1795 besteet d'Gemeng Péiteng a senger heiteger Form (Péiteng, Rodange a Rolleng (fr. Lamadelaine). De Bevëlkerungszouwuess am 19. Joerhonnert ass geschitt, wéi op den Héichte ronderëm Péiteng d'Minette exploitéiert ginn ass, wéi d'Rodanger Schmelz entstanen ass, a wéi d'Eisebunn gebaut gouf.
1906 gouf eng Gas-Beliichtung an de Stroosse vun der Gemeng a Betrib geholl.
1912 gouf d'Gemeng und d'interkommunalt Waassernetz an
1931 un d'elektrescht Stroumnetz ugeschloss.
[Änneren] Buergermeeschteren
|
|
|
[Änneren] Interkommunal Syndikater
[Änneren] De Wope vun der Gemeng Péiteng
De Wope vun der Gemeng Péiteng gouf am Gemengerot den 21. Mee 1976 ugeholl. Den Arrêté ministeriel ass vum 15. November 1976, publizéiert am Mémorial B vu 1976 op Säit 1425.
Offiziell Beschreiwung:
"Coupé, en chef d'azur à deux bars adossés d'or, cantonnés de quatre croisettes recroisettées au pied fiché du même; en pointe de gueules au lion d'or; à la fasce bretessée d'argent brochant sur la partition."
[Änneren] Fir ze liesen
- De Geschichtsfuerscher aus der Gemeng Péiteng : eine Chronik aus der Dreiländerecke Petingen-Rollingen-Rodingen. Jg. 1, Nr. 1 (Jan. 2006), Péiteng: Amis de l'histoire de la commune. 24 cm, all Mount
[Änneren] D'Uertschaft Péiteng
[Änneren] Geschicht
- Péiteng gëtt fir d'éischt am Joer 938 an enger Charta historesch ernimmt an zwar ënnert dem Numm "Perdgitten". Dem Professor Jos. Meyers no entstaamt den Numm Péiteng vum Numm vun der fränkescher Sipp "Petto".
- Am Laf vun der Geschicht huet Péiteng dëser oder déier Herrschaft gehéiert.
- 4. Abrëll 1281: Péiteng krut vum Heinrich V., genannt de Blonden, Grof vu Lëtzebuerg, a vum Rudolph, Här vu Sterpenich, de Fräiheetsbréif nom béimesche Recht. Duerch dëse Fräiheetsbréif goufen d'Awunner vu Péiteng fräi Bierger, déi sech selwer hunn dierfte verwalten ënnert der Herrschaft vum Grof vu Lëtzebuerg.
- Tëscht 1310 an 1346: Jang de Blannen erneiert a bestätegt de Fräiheetsbréif.
- 7. Januar 1540: Neifaassung vum Fräiheetsbréif duerch de Keeser Karel V.
- 1898: Aweiung vum Spidol St. Joseph, dat d'Zitha-Schwesteren baue gelooss hunn.
- 1900: Aweiung vun der heiteger Gare.
- 1907: D'Gemeng keeft d'Schlass Nothomb mat allen Dependancen.
- 1933: Aweiung vun der heiteger Parkschoul.
- 15. Mee 1938: Aweiung vum heitege Stadhaus op déier Plaz, wou virdrunn d'Schlass stung.
- 11. Mee 1940: Franséisch Granate falen op Péiteng. Eng Famill wëllt sech am Keller vun der Parkschoul a Sécherheet bréngen. Wéi se am Schoulhaff waren, explodéiert eng Granat niewent hinnen. De François Hahn, seng Fra Marguerite an hire Jong René stierwen op der Plaz. Et waren déi éischt zivil Affer vu Péiteng. Eng Gedenkplack am Schoulhaff erënnert u si.
- Den 9. September 1944 ass Péiteng, als éischt Uertschaft vu Lëtzebuerg, vun den amerikanischen Truppen befreit ginn. Bei dëser freediger Geleeënheet ass leider den éischten amerikanischen Zaldot op Lëtzebuerger Buedem, den Hyman S. Josephson, gefall. Him zu Éiere gouf um haitege Square Hyman S. Josephson zu Péiteng e Monument opgeriicht.
[Änneren] Bevëlkerungsentwécklung
[Änneren] Bekannt Péitenger
- Alphonse Nothomb, Politiker
- Michel Rasquin , Politiker
- Germaine Damar , Filmschauspillerin
- Emile Angel, Schrëftsteller
- Moritz Ney, Moler a Skulpteur
Déi Péitenger Awunner droen de Spëtznumm Wandjangen.
[Änneren] Perséinlechkeeten a Relatioun mat Péiteng
- Mathias Adam, éischten Oberprimärschoulmeeschter
- Bim Diederich / geb. Jean Diederich (20.02.1922) Lëtzebuerger Vëlosportler, zu Esch-Uelzecht gebuer awer zënter 1933 zu Péiteng.
[Änneren] Kuckeswäertes
- D'Kierch
- D'Amerikanermonument mat engem M8 Greyhound. Et war dat éischt amerikanescht Gefier dat den 9. September 1944 op Lëtzebuerger Buedem vun de Preisen zerstéiert gouf. Dobäi ass och den éischten amerikaneschen Zaldot, den Hyman S. Josefson, zu Lëtzebuerg gefall.
- Galloréimesch Ausgruewungen um Tëtelbierg
- Fond-de-Gras
- Naturschutzgebitt Prënzebierg
- Borne du Passeur, zu Éiere vun de Passeuren a Filiéristen aus dem Zweete Weltkrich.
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Beetebuerg | Déifferdeng | Diddeleng | Esch-Uelzecht | Fréiseng | Keel | Leideleng | Monnerech | Péiteng | Reckeng op der Mess | Réiser | Rëmeleng | Schëffleng | Suessem