Ödipus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Ödipus (gr. Οίδίπους, Oidipous) ass de Jong vum Laios, dem Kinnek vun Theben a senger Fra Iokaste.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Mythos
Well sengem Papp Laios vun engem Orakel prophezeit ginn ass dat säi Jong hien enges Dags ëmbrénge a seng Fra Iokaste bestuede géif, huet en dem neigebuerenen Ödipus d'Féiss duerchstieche an zesumme banne an en duerno vun engem Hiert an de Bierger aussetze gelooss.
Den Hiert hat awer Matleed mam Puppelchen an huet en un en aneren Hiert zu Korinth weiderginn. Iwwer deen ass den Jong an déi korinthesch Kinneksfamill komm déi hien adoptéiert huet an em wéinst senge geschwollene Féiss de Numm Ödipus (Schwellfouss) ginn huet. Zu Korinth as en dunn opgewuess ouni gewuer ze ginn vu wou en hierkomm ass. Wéi him en Orakel virausgesot huet dat en säi Papp wäert ëmbréngen a seng Mamm bestuede géif verléisst en aus Suerg ëm seng vermeintlech Eltere Korinth a mecht sech op de Wee op Theben.
Ënnerwee ass en op enger Kräizung dem Laios begéint dee mat klengem Gefolleg ënnerwee war. Deen huet den Ödipus fir e Reiber gehal a wollt e net duerchloosen. Doropshin erschléit den Ödipus hien an déi meescht vu senge Leit. Domat huet sech eng vun deenen zwou Prophezeiungen erfëllt.
Virun der Paart vun Theben ass en op d'Sphinx gestouss, déi all Reesend verschléngt déi bei hier laanscht wollten an hirt Rätsel net geléist kruten. D"Fro war: "Wat huet moies 4, mëttes 2 an owes 3 Been". Den Ödipus wousst d'Äntwert: de Mënsch (krabbelt als klengt Kand op alle Véier, geet als Erwuessenen op zwee Been an am Alter mat engem Bengel, also am iwwerdroene Sënn op dräi Been). D'Sphinx huet sech no senger Äntwert an d'Mier gestierzt an domat war Theben vun hier befräit. Als Belounung ass hien als Nofolger vum Laios zum Kinnek vun Theben ernannt ginn an huet d'Iokaste, seng Mamm, zur Fra kritt. Domat huet sech och déi zweet Prophezeiung erfëllt. Mee allen zwee wëssen se nach näischt vum Ödipus senger Schold an dat si Mamm a Jong sinn. Si kréie zesumme nach véier Kanner.
Wéi no ville gléckleche Joren eng Seuch an Theben ausbrëcht seet d'Orakel vun Delphi viraus dat de Mäerder vum Laios fonnt misst ginn. Den Ödipus ënnersicht de Fall a fënnt eraus dat hie selwer de Mäerder ass an en seng eege Mamm bestued huet. D'Iokaste huet sech doropshin erhaang an den Ödipus huet sech d'Aen ausgestach.
Dunn ass de Kreon, de Brudder vum Iokaste, Kinnek vun Theben ginn a verbaant den Ödipus aus der Stad. Dee wandert mat senger Duechter Antigone e puer Joer ouni Zil deruechter bis en zu Kolonos bei Athen an engem hellegen Hain stierft.
[Änneren] Konscht
[Änneren] Literatur
[Änneren] Kuckt och
- Ödipuskomplex
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |