Hëllef:Tabellen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Tabelle sinn eng strukturéiert Duerstellung vun Informatiounen. Si hunn de Virdeel, vis-à-vis vu Lëschten, datt si méi Informatiounen, déi visuell a semantesch strukturéiert sinn, kënnen erfaassen.
Well d'Tabellen awer och méi komplizéiert sinn, wéi normalen Text, solle se nëmmen do agesat ginn, wou et wierklech néideg ass fir eng besser Iwwersiicht ze hunn. Anerefalls kann eng Lëscht genee dee selweschten Dingscht leeschten.
D'Wikipedia huet eng eegen Syntax fir Tabellen ze machen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Einfach Tabell
Stad | Autonom Gemeinschaft | 2007 |
---|---|---|
Madrid | Madrid | 3.132.463 |
Barcelona | Katalonien | 1.595.110 |
Valencia | Valencia | 797.654 |
[Änneren] Quelltext
{| class="prettytable" |- class="hintergrundfarbe5" ! Stad || Autonom Gemeinschaft || 2007 |- | [[Madrid]] || [[Image:Flag of the Community of Madrid.svg|20px]] [[Autonom Gemeinschaft Madrid|Madrid]] || 3.132.463 |- | [[Barcelona]] || [[Image:Flag of Catalonia.svg|20px]] [[Katalonien]] || 1.595.110 |- | [[Valencia]] || [[Image:Flag of the Land of Valencia (official).svg|20px]] [[Autonom Gemeinschaft Valencia|Valencia]] || 797.654 |}
[Änneren] Erklärungen
- D'Zeechen
{|
steet am Ufank vun enger Tabell an d'Zeechen|}
zum Schluss. - D'Attribut
class="prettytable"
ass dofir do, fir dass di ganz Tabell no de Virgaben vun der Klass formatéiert gëtt. Dëst gesait vir, dass Trennlinnen tëscht den Zeilen an tëscht den Zellen sinn, an och, dass tëscht dem Inhalt vun der Zell an dem Rand vun der Zell (cellpadding) Plaz geloss gëtt. - Zeilen, déi mat engem Ausrufezeechen (
!
) ufänken, définéieren d'Kappzeilen vun den Tabellen. Den Text an enger Zell vun esou enger Zeil gëtt zentréiert a fettgeschriwwen. Di normal Tabellenzeilen fänken dogéint mat engem senkrechten Trennstrëch (|
) un. - Den Tag
|-
fänkt eng nei Tabellenzeil un, wann en am Quelltext um Ufank vun der Zeil steet. - D'Zeechen
||
trennen Tabellenzellen déi niewteneen leien. - D'Zeechen
am plaz vun engem Espace verhënneren en Zeilenëmbroch tëscht de Wierder, wou den Espace ass.
heescht op Englesch "non breaking space". - Fir Tabell rechts zum Text auszeriichten, muss dat mat der zousätzlecher Klass
float-right
am Attribut gemacht ginn:class="prettytable float-right"
. * Fir ze zentréieren vun der Tabell gëtt di zusätzlech Klasscentered
benotzt:class="prettytable centered"
.