Sténkbomm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gebrauch vun enger Sténkbomm geet vum relativ "harmlose" Fuesentsartikel bis an de Beräich vun der chemescher Krichsféierung.
[Änneren] De Fuesentsartikel
Fuesents-Sténkbomme si kleng Glasampullen, déi mat enger Matière gefëllt sinn, déi am Kontakt mat der Loft e Geroch vu sech gëtt, deen desagreabel ass. Meeschtens handelt et sech ëm Schwiefelwaasserstoff, deen a Waasser opgeléist ass. Bei selwergebaute Sténkbomme gëtt och Butansaier (Trivialnumm: Bottersaier) gebraucht.