See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Semois - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Semois

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Semois bei Bouillon
D'Semois bei Bouillon

D' Semois (oder Semoy a Frankräich, Simwès op Wallounesch, Setzbaach am Arelerland) ass e Floss an der belscher Provënz Lëtzebuerg an a Frankräich am Departement Ardennes.

Si huet hir Quellen zu Arel déi eng, an der rue de la Semois déi och als déi offiziell duergestallt gëtt, an déi aner just ënner der Arelerknippchen déi am Keller vun engem Haus eraus kënnt. Den Dall vun der Semois läit an enger breeder Depressioun déi sech laanscht de Massif vun de belsche a franséischen Ardennen zitt.

Si leeft vun Arel aus iwwer Alenuewen weider op Frellen wou se an der Millegewan vu riets hiren éischte Niewefloss de Ruisseau de Freylange kritt. Am Naturschutzgebitt dat an de Suppen ëstlech vu Fouches läit, kënnt dann och vu riets d'Bierbach dran.

Am Naturschutzbebitt vun de Suppe bei Villers-Tortu leeft dann d'Routbaach dran, a gläich duerno de Ruisseau du Vivier, och allebéid vu riets.

D'Muere vu Vance bis op Tintigny sinn Zeie vu fréie Besiidlungen an dëser Géigend, an de Planzen- a Fossile Räichtum zitt vill Naturfrënn un.

Am 19. Joerhonnert gouf hei och Torf gestach, deen als Brennmaterial benotzt gouf.

Bei Chantemelle leeft vu lénks de Ruisseau de Stockem dran, an 2 Kilometer méi spéit, just virun Étalle, gëtt se vu riets vum Ruisseau de Sivry a vum Ruisseau de l'Enclos gefiddert. Direkt no Étalle kënnt nach vu riets de Ruisseau de Montinsart derbäi.

Tëscht den Uertschafte Villers-sur-Semois a Sainte-Marie leeft se duerch e suppegt Naturschutzgebitt, d Réserve naturelle des Abattis, wou och vu lénks de Ruisseau de Rolle draleeft.

Noodeems se laanscht oder duerch Tintigny, Jamoigne, Florenville, Chassepierre, Chiny, Herbeumont, Dohan, Bouillon, Poupehan, Frahan, Rochehaut, Nohan, a Vresse-sur-Semois gelaf ass, kënnt se bei Les Hautes-Rivières op d'belsch-franséisch Grenz fir duerno, 10 km méi spéit, zu Monthermé an d'Meuse ze lafen.

Si huet eng Längt vun 210 km.

Am Ufank vum 20. Joerhonnert war den Dall vun der Semois bekannt wéinst dem Tubak deen do ugebaut gouf, an dee besonnesch als Päifentubak a Jickentubak beléift war.

[Änneren] Kuckeswäertes

[Änneren] Al Schreifweisen

  • Sesomiris (644)
  • Sesmarus (950)
  • Sesmoys (1104)
  • Semoir (1244)

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -