See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Schoulgesetz vun 1912 - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Schoulgesetz vun 1912

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D’ Schoulgesetz vun 1912 gouf den 25. Juni 1912 an der Chamber gestëmmt. Heibäi huet et sech ëm e neit Gesetz gehandelt wat d’Primärschoulen zu Lëtzebuerg betraff huet an (ënner anerem) folgendes nei agefouert huet:

  • d’Schoulgeld gouf ofgeschaaft,
  • 7 Joer Schoulflicht goufen agefouert,
  • Lëtzebuergesch ass Flichtfach ginn.

Ausserdeem gouf folgendes festgeluecht, wat vu kierchlecher Säit heftegst contestéiert gouf:

  • d'Bestëmmung, datt de Schoulmeeschter am Reliounsunterrecht matschaffe muss, ass fale gelooss ginn,
  • d'Schoulmeeschteren hun kee Zertifikat iwwert hire reliéise Liewenswandel méi brauchen ze presentéieren, fir ernannt ze ginn,
  • de Paschtouer ass net méi automatesch Member vun der Schoulkommissioun ginn,
  • de Paschtouer (oder säi Vertrieder) war net méi zoustänneg fir d’Surveillance vum Enseignement.

D’Chamber huet dëst Gesetz mat 34 Stëmmen derfir, 17 dergéint an 1 Enthalung ugeholl. Deem virausgaange war eng jorelaang politesch Diskussioun tëscht dem sougenannte Lénksblock op deeër enger Säit, an dem "Rietsblock" op deeër anerer.

Den 10. Juli 1912 huet de Generaldirekter (deemools war dat den Titel vum Minister) Pierre Braun der Groussherzogin Marie-Adelheid dëst neit Gesetz virgeluecht fir z'ënnerschreiwen. Si huet dat schliisslech den 10. August 1912 gemaach, obschonns et eng Gewëssensfro fir si bedeit huet. Als déif kathoulesch Persoun ass et hir schwéiergefall, e Gesetz ze sanktionnéieren, dat vun der kierchlecher Obregkeet als inacceptabel an onausféierbar bezeechent gi war.

[Änneren] Um Spaweck

Loi du 10 août 1912 concernant l'organisation de l'enseignement primaire

[Änneren] Fir ze liesen

  • Christian Calmes: La loi scolaire de 1912, in: Christian Calmes: Au fil de l'Histoire, 1977, Éditions de l'Imprimerie Saint-Paul


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -