Schlass vun Dover
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Schlass vun Dover läit op enger Kopp déi direkt beim Äermelkanal ass, am Nordoste vum Hafe vun Dover an der Grofschaft Kent, an England.
Et ass déi Plaz an England déi am nosten bei Frankräich a beim europäesche Kontinent läit. (Koordinaten:51° 07’ 42’’ N
1° 19’ 23’’ E)
[Änneren] Geschicht
No der Schluecht vun Hastings, huet Dover sech dem Wëllem den Eruewerer erginn an hien huet d'Festungsanlage vergréissert.
Den englesche Kinnek Henry II. huet dat haitegt Schlass baue gelooss. De Buergfrid gouf an de Joerhonnerten duerno e puermol ëmgeännert, an deéi gréissten Ëmännerung war am 16. Joerhonnert ënner dem Henry VIII.
[Änneren] De réimesche Liichttuerm
De réimesche Liichttuerm vun Dover bekannt ënner dem Numm « Roman lighthouse » oder och nach « Pharos », goud am Joer 43 just no der réimescher Invasioun gebaut.
Den Tuerm ass baussen aachteckeg a bannendra véiereckeg. D' Kroun huet mëttelalterlech Zënnen.
De Gued dervunner war d' Tour d'Ordre zu Boulogne-sur-Mer déi praktesch vis-à-vis um Festland stoung. Dësen Tuerm ass awer schonns zënter dem 17. Joerhonnert ofgerappt, d'Pläng dervunner gëtt et awer nach.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Château de Douvres – Biller, Videoen oder Audiodateien |