See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Schlësselharf - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Schlësselharf

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Schlësselharf (Eric Sahlström)
Schlësselharf (Eric Sahlström)

Eng Schlësselharf, op Schwedesch: nyckelharpa, Méizuel -harpor, ass e mëttelalterlecht Musekinstrument aus Skandinavien.

D'Schlësselharf ass zënter dem 15. Joerhonnert a Schweden, Dänemark an Norddäitschland gespillt ginn. An der schwedescher historescher Provënz Uppland ass se nach haut ënner dem Numm nyckelharpa oder nyckelgiga (Schlësselgei) an der Volleksmusek erhalen.

D' Schlësselharf ass e Sträichinstrument. Mat engem Bou ginn hir Säiten a Schwéngunge versat. D' Tounhéicht vun de Melodiesäite gëtt duerch d'Drécke vu Knäppercher, an dësem Fall de "Schlëssele" bestëmmt, sou wéi bei der Dullemajik.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] D'Material

De Resonanzdeckel ass meeschtens aus Fiichtenholz. D'Schinn, de Buedem an den Hals kënnen aus Aaschtert, Alënter oder Fiicht sinn.

[Änneren] D'Spillpositioun

D'Schlësselharf gëtt normalerweis horizontal wéi eng Gittar gehalen, a mat engem Schëllerrimm gestäipt. Et ginn der och, déi se am Sëtze spillen.

De Marco Ambrosini spillt op enger Schlësselharf
De Marco Ambrosini spillt op enger Schlësselharf

[Änneren] Varianten

Vun der Form hier gëtt et vill Variante vun der Schlësselharf. Dobäi hänkt et dovun of, ob d'Instrument Resonazsäiten (engl.: sympathetic strings) huet oder net. D'Resonanzsäite ginn net mam Bou beréiert, mee se ginn duerch Téin, déi aktiv gespillt ginn an deenen hir Uewertéin mat un d'Schwénge bruecht.

Schlësselharfen ouni Resonanzsäite sinn, d' Mora-Harpa, d' Esse-Harpa, déi aus dem Weste vu Finnland staamt, oder déi norwegesch Schlësselharf vu Vefsen.

Schlësselharfe mat Resonanzsäite sinn d' Enkelharpa, d'Silver- an d' Kontrabasharpa, an déi chromatesch Schlësselharf, mat hiren zwielef Resonanzsäiten, dat déi modernste Form vun der Instrumentefamill ass. D'Zuel vun de Resonanzsäite, a wéi se gestëmmt si ka staark variéieren.

[Änneren] Op CD

  • The Silver-bass Nyckelharpa I gespillt vum Sigurd Holmberg an der Serie Historic recordings of Swedish folk music: IV, Hurv KRCD-27

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Category:Nyckelharpa – Biller, Videoen oder Audiodateien


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -