Ram
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Ram oder de Schmant ass deen Deel vun der Mëllech deen am meeschte Fett huet, an dee wann een d'Mëllech stoe léisst, sech uewen drop sammelt.
D'Ram kann duerch d'Afscheffen oder mat Hëllef vun enger Mëllechzentrifug aus der Mëllech geholl ginn. De Prinzip dobäi ass deeselwechten, hir Trennung vun de moeren Deeler vun der Mëllech geschitt duerch déi verschidde spezifesch Gewiichter.
D'Rahm kann duerno a verschiddene Variétéite verschafft ginn:
- Frësch Ram (crème fraîche)
- Sauer Ram (crème épaisse)
- Liicht sauer Ram (crème fraîche acidulée)
- D'Ram ass och d'Basisprodukt vu ville Kéiszorten, vum Botter, a fir Schlagsahn ze maachen.
Fir ze verhënneren, dass d'Ram sech op der Mëllech ofsetzt, gëtt dës an de Molkereien homogenisiéiert.
Beim Kachen huet d'Ram de Virdeel op d'Mëllech datt se net gären iwwerkaacht, an och net esou séier wéi d'Mëllech ubrennt.