See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Rackés Millen - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Rackés Millen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Schëld
Schëld

D' Rackés Millen zu Äischer an der Gemeng Kiischpelt am Dall vun der Klierf ass déi eenzeg Waassermillen, déi zu Lëtzebuerg nach voll funktionéiert.

[Änneren] Geschichtleches

D'Waassermillen, déi och nach Äischer Millen genannt gëtt, gouf 1824 gebaut. Op hir gouf bis 1954 Broutmiel hirgestallt a bis 1967 just nach mat Fuddermëttel do gehandelt. Nom Zoumaache vun der Millen, huet den Här Willy Racké sech drëms bekëmmert, datt d'Mille funktiounsfäeg bliwwen ass. 2001 ass d'Mille schliisslech mat Hëllef vum Tourismusministär vun dem Syndicat d'initiative Munzen opkaf ginn. D'Millen ass restauréiert ginn an an de Programm vum Domaine touristique du cheval de trait ardennais Munshausen integréiert ginn. Haut gëtt an der Millen nees gemuel. Déi fréier Wunneng vum Mëller gouf an eng Vakanzewunneng transforméiert.

[Änneren] Technesches

D'Waasserrad vun der Mille gëtt mat Waasserzoulaf vun ënnen ugedriwwen. Dobäi leeft d'Waasser an enger spezieller Féierung, déi dem Rad ugepasst ass a verhënnert, datt Waasser ënnert a säitlech vun de Schëppen offléisse kann, ouni d'Rad unzedreiwen.

[Änneren] Millefest

Zanter 2004 gëtt all Joers am August rondrëm d'Millen d'Millefest organiséiert.

D'Rackés Millen zu Äischer
D'Rackés Millen zu Äischer
D'Millerad
D'Millerad
Rimmen
Rimmen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -