Pont Kennedy
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Kennedybréck zu Léck ass eng Bréck iwwer d' Meuse. Si verbënnt den Zentrum vu Léck mat dem Quartier Longdoz. Et ass déi drëtte Bréck op deeër Plaz.
Déi éischt Bréck gouf 1836 gebaut an de 27. Januar 1837 ageweit. Dës Bréck huet net laang gelieft, schonns no 5 Méint ass ee vun de Béi an e Koup gefall.
Du gouf tëscht 1841 an 1843 eng nei Bréck gebaut déi dun Pont Neuf oder och Pont de la Boverie genannt gouf. Dës Bréck ass iwwer d'Meuse gaangen, an iwwer een Arem vun der Ourthe. Déizäit war de lénksen Uwänner schonns ganz verbaut, op demm rietsen Uwänner gouf et just e Clubhaus vu Wassersportsfrënn. Dat ass och bis haut bestoe bliwwen als Cluhaus vun dem Nautica.
Den Éischte Weltkrich hat d'Bréck iwwerlieft, awer am Zweete gouf se an d'Luucht gesprengt, an 1946 gouf eng provisoresch Bréck installéiert. Déi huet hiren Déngscht 12 Joer laang gemaach.
Eng nei Bréck gouf eréischt 1958 ugefaang mat bauen, a si ass 1960 ageweit ginn. No dem Attentat op den amerikanesche President Kennedy krut d'Bréck deem säin Numm.
D'Bréck ass a Cantileverbauweis aus virgespaantem Bëtong opgeriicht ginn, a se steet op zwéi Flosspilieren. Se huet eng Längt vun 120 Meter, an d'Breet vun der Dunn variéiert tëscht 23,7 a 40 Meter.
Et ass eng Bréck déi vill befuer ass, net manner wéi 15.000 Gefierer passéieren se all Dag. (Quell:Ministère de l'Equipement et des Transports)
[Änneren] Hier Nopeschbrécken
- Pont de Longdoz um rietsen Uwänner iwwer d'Dérivatioun.
- Pont Albert 1er flossop
- Pont des Arches a Passerelle Saucy flossof.