Plan incliné vu St.Louis/Arzviller
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Plan incliné vu St.Louis/Arzviller ass e Schëffslift am Rhäin-Marne-Kanal, deen et Schëffer erlaabt, d' Vogesen z'iwwerwannen. De Plan incliné ass um Terrain vun de Gemengen Saint-Louis (Elsass) an Arzviller a Loutréngen am franséischen Departement Moselle.
Den Niveausënnerscheed vun 44,55 Meter, fir dee fréier 17 Schleisen néideg waren, konnt vun 1969 un mat engem Lift geléist ginn.
En eezelnen Trach mat enger Längt vun 41 m , enger Breet vu 5,2 m an enger Waasserdéift vun 3,2 m transportéiert e Schëff bannen 20 Minutten op engem Hank vu 41 % erop oder erof. Well den Trach uewe méi voll gelude gëtt an duerch zwee Kontergewiichter vu 450 Tonnen gehale gëtt, ass d'Energie, déi néideg ass op e Minimum reduzéiert.
Dëse Modell vu Lift ass eenzeg an Europa, well de Schëffskierper steet am rietse Wénkel zu der Ramp, déi eng Längt vun 108,65 m huet.
De Plan incliné ass en Touristemagnéit mat iwwer 140.000 Visiteuren am Joer, bei deem déi Couragéiert matfuere kënnen, an ënnen mat engem Touristenzichelche matgehol kënne ginn.